Eng Kéier déif duerchootmen: dat deet dacks gutt! An awer stellt ee sech d‘Fro wéi gesond d‘Loft ass déi ee nieft enger Strooss op där Autoe fueren anotemt.

19/03/2023 Feinstaub

Experten schwätzen an deem Kontext vu „Feinstaub“. De Michel Neumann vun der Ëmweltverwaltung erkläert eis wat dat genee ass.
"De Feinstaub ass u sech déi Fraktioun an der Loft, déi ee kann anootmen. Also wou eise Schutzmechanismus (Nuesschläimhaut, Hoer an der Nues etc.) net méi wierkt. Also dat, wat ob d'Long ka goen."

Et gëtt och verschidden Zorten Feinstaub.
Michel Neumann: "Dat eent ass de PM10. Dat si Partikelen, déi méi kleng sinn wéi 10 Mikrometer, dat ass schonn zimmlech kleng. An dann hu mer de PM2,5, dat ass nach eng Kéier méi kleng. De PM10 wierkt, wa mer en anootmen, am ieweschte Beräich vun eisem Otemsystem. An de PM2,5, dee geet scho richteg erof an d'Long. Da ginn nach méi kleng Partikelen, da gi mer awer schonn an den Ultrafeinstaub, an dee ka souguer bis an d'Blutt eragoen wa mir deen anootmen."

Ee Micrometer ass iwwregens 1 Milliounstel vum Meter oder en Dausendstel vum Millimeter. Huet den Här Neumann eis ausgerechent!
Et kann een awer berouegt sinn, well hei am Land ass d’Situatioun relativ entspaant.
Michel Neumann: "Hei zu Lëtzebuerg hu mir elo net wierklech e Problem mam Feinstaub. Mir si nach e gutt Stéck ënnert de Grenzwäerter, déi d'EU virschreift."

Ma wou kënnt dee Feinstaub dann iwwerhaapt hir?

Michel Neumann: "Engersäits hu mer d'Verbrennung am Motor vum Auto, mir hunn awer och beim Trafic d'Pneuen an d'Bremsen déi sech ofreiwen. Och vun de Stroosse selwer kënnt Feinstaub. Dann hu mer d'Verbrennung am Haus, d'Heizungen beispillsweis. Am Wanter hu mer dann d'Salz, virun allem wann et laang dréchen ass. Da bleift dat Salz op der Strooss, et gëtt zerriwwen, et stëbst op. Dann hu mer anerersäits awer och natierlech Sourcen. Dat kann Erosioun vum Buedem sinn, wann et laang dréchen ass. Mir hunn Sahara Stëbs, Pollen, déi elo geschwënn kommen, asw. ..."

Wee sech da wëll um Courant halen kann sech d‘App „Meng Loft“ op de Smartphone zéien, déi et zanter 2018 gëtt. D‘Claire Heuschling weess wéi d‘App funktionéiert.
"Du mir all Stonn Wäerter, déi kommen. Vum Feinstaub, awer och dann Ozon an Stéckoxiden. All Stonn ginn déi Wäerter aktualiséiert. Dat heescht wann een elo iergendwou ënnerwee ass, an sech vläicht géing Suerge maachen, da kann een och do op der App eng Kéier kucken wou mer dru sinn."

RTL

© AEV

RTL

© AEV

RTL

© AEV