Mir haten dës Woch jo schonns iwwert d'Gefore vun TikTok, virun allem fir Jugendlecher, geschwat. Ma TikTok ass awer net just eng Plattform op där jonk Leit hir Danzvideoe posten, mee mëttlerweil gëtt et bal keen Thema, wat net op der Social-Media-Plattform opgegraff gëtt. Vu Sport bis Politik, op TikTok fënnt een zu all Thema kleng Videoen. An dat mécht d’Plattform natierlech net just fir Teenager interessant, mee och fir Erwuessener. An trotzdeem muss sech d’Applikatioun vill Kritik stellen.

16/03/2023 TikTok-Verbuet och am Grand-Duché?

A ville Länner ass d’App elo esouguer deelweis verbuede ginn. Bäi eise belschen Noperen ass et zum Beispill zanter kuerzem verbueden, déi chineesesch App op den Déngschthandye vu Fonctionnairen installéiert ze hunn. An och a villen anere Länner wéi zum Beispill an den USA oder a Kanada ginn et schonns Restriktiounen.
Wéi gesäit et dann hei am Land mat engem Verbuet vun TikTok aus? Mir hu beim Minister fir Digitalisatioun, dem Marc Hansen nogefrot.
"D'Lëtzebuerger Regierung mat hire Servicer ass ganz opmierksam op dëse Sujet a suivéieren alles wat geschitt. Mir hunn och, wéi d'EU-Kommissioun bei sech decidéiert huet, fir op den Déngschthandyen d'Applikatioun erof ze huelen, hu mer och bäi der EU-Kommissioun mat ronn 14 anere Länner ugefrot, wat do d'Grënn waren. Mir hunn do nach keng Äntwert bis elo. Momentan ass et esou, datt mer et net verbidden, mee mir passen natierlech op an halen alles am A, wat an deem Kontext geschitt."

Mee wisou kënnt déi ganz Diskussioun iwwerhaapt zestanen?
De Grond si massiv Dateschutz Bedenken. Wien TikTok benotzt, muss sech bewosst sinn, dat ee vill Informatiounen iwwert sech präisgëtt. Net just Donnéeë wéi den Numm oder d’Email-Adress, mee virun allem och d’Interessen, déi vun engem Algorithmus gespäichert ginn. Dofir warnt de Minister och.
"Bei all Applikatioun, déi een op sengem Handy installéiert, muss ee wëssen, datt déi Applikatioun natierlech Date freet an dir musst är Donnéeë ginn an och verschidde Saachen accordéieren. Et ass also u jidderengem mol souwisou ëmmer opzepasse wat een do installéiert a wat fir eng Fräischaltungen ee mécht. An datt dat natierlech vun der Applikatioun ka suivéiert ginn, dat ass bei villen de Fall a mir passen natierlech op, wat an deem heite Kontext geschitt. An an dësem Stadium hu mer nach keng aner Decisioun geholl."

E Verbuet am ganze Land vun der App wier awer nach keen Thema. An Amerika gëtt iwwert esou ee Verbuet zum Beispill schonns diskutéiert.
Wann et esouwäit géif kommen, dann hätte jiddefalls vill Leit op ee Mol vill Zäit fir aner Saachen ze maachen.