
© pixabay
Nom Wanter dierft d'Zuel vun den Accidenter erëm erofgoen. Et gëtt erëm méi hell an doduerch gëtt ee logescherweis besser gesinn. Ma kann et sinn, dass d'Faarf vun engem Auto en Afloss op d'Accidenter huet? Wéi eng Faarf ass iwwerhaapt déi Sécherst a wéi gesäit d'Zukunft vum Autoslack aus?
Hu der scho mol gekuckt wéi eng Faarf déi accidentéiert Autoen hunn?
Mir hunn eis d'Fro gestallt, ob et eng bestëmmte Faarf gëtt, déi méi ufälleg ass fir Accidenter. Sécher ass, dass e wäissen Auto besser gesi gëtt wéi elo en däischteren. Zemools owes. Dat kléngt jo elo mol ganz logesch. D'Laura Lessyn ass bei eis, wat kann een zu der Relatioun Faarf an Accidenter soen?
An Neiséiland gouf eng Etüd duerchgefouert, wou een dat genee wollt erausfannen. Hei koum eraus, dat Chauffere vu sëlwer faarwegen Autoe manner Accidenter haten, wéi déi, déi mat engem wäissen Auto fueren. Déi mat der Faarf Sëlwer ënnerwee waren, haten nëmmen hallef esou vill schlëmm Accidenter. Mee do muss ee soen, datt net nëmme sëlwer mee och giel Autoe betraff sinn.
Spillt d'Faarf vum Auto dann elo eng Roll am Bezuch op d'Accidenter?
D'Faarf spillt definitiv eng Roll, an zwar wéi den Auto op der Strooss gesi gëtt. De Lack selwer dréit nëmme wéineg zur Sécherheet bäi. Ma et ass d'Faarf déi et ausmëscht. De Frank Maas vum ACL:
"Unhand vu verschiddene Studie ginn d'Autoen an helle Faarf-Téin als méi sécher agestuuft. Zemools wäiss oder giel. D'Wëssenschaftler begrënnen dës Erkenntnisser datt hell Téin fir aner Automobilisten am Verkéier méi fréi ze erkenne sinn. Dofir kann ee bei geféierleche Situatioune méi séier reagéieren. Wat de Kontrast tëschent dem Auto an der Ëmgéigend méi grouss ass, een ëmsou besser d'Gefor erkennt. Et muss een och bedenken, datt d`Autoen hautdesdaags och mat Daagesluucht equipéiert sinn. Dofir sinn d'Autoen zum deel onofhängeg vun der Faarf wéinstens vu fir gutt siichtbar."
Et muss een och soen, datt hell Faarwen e grousse Plus fir d'Foussgänger sinn. Och beim Iwwerhuele fält engem en hellen Auto besser op. En däischteren Auto wierkt optesch méi wäit ewech wéi en a Wierklechkeet ass. Mee wat sinn dann d'Innovatioune bei de Faarwe vum Lack?
"Innovativ fir d'Zukunft ass emol d'Faarwen-Wiessel-Technologie, wou sech zum Beispill wäiss bis donkel gro op der Karosserie ofwiesselen. Kuerz erkläert funktionéiert dëse System iwwert elektresch geluede Faarfpigmenter um Blech. Di wäiss sinn negativ gelueden an di schwaarz positiv. Jee no Loscht kënnen d'Faarwen och wärend dem Fuere geännert ginn."
Wéi kann ee säi Lack dann am beschte schützen?
"D'Qualitéit hautdesdaags vun eisen Auto-Lacken ass esou gutt, datt een eigentlech net vill Entretien brauch. Wann een awer iwwert länger Zäit wëll ee gewëssene Glanz Effekt hunn, besteet d`Méiglechkeet eng professionell Lack-Versigelung vir ze huelen. E weideren Avantage hei vun ass, datt den Auto sech mat manner Opwand wäsche léisst."

© pixabay.com
An deem Sënn, kaaft Iech deen Auto, deen Iech gefält an da bleift eis hei nach just Bonne Route ze wënschen. Passt op iech op.