
© pixabay.com
All Informatiounen déi geschwat ginn, huele mir mat eisen Oueren op a kënnen esou mam Géigeniwwer kommunizéieren. D`Musek ass ee vu ville Grënn, firwat ëmmer méi jonk Leit manner gutt héieren. Dat heescht d`Altersgrenz fir den Ufank vum Verloscht vum Gehéier geet weider erof. Mir hu beim Generalist Nico Haas nogefrot wéi eng Niewewierkungen et mat sech brénge kann, wann een ufänkt net méi gutt ze héieren?
"Wann een net gutt héiert, da gëtt een nervös, et muss ee sech och méi konzentréieren. De Bluttdrock geet erop, de Bols geet an d`Luucht, et schléift een och net méi esou gutt. Dat alles huet Konsequenze fir de ganzen Organismus."
A wéi erkennt een da ma Zäiten dat eppes mam Gehéier net méi richteg funktionéiert?
"Et muss een oppasse wann ee selwer mierkt, dat een net méi esou gutt a sengem "Entourage" héiert, oder wann een di éischt Zeeche matkritt, dat een e Piipsen, Tinnitus, Dauschen oder Péng am Ouer huet. Da soll een net zécken a bei den Dokter goen, fir ebe genee ze kucke wat lass ass, an ewéi een dëser Saach kann nogoen. Et kann een sech awer scho selwer vill hëllefen: datt een sech eben NET dësem extreme Kaméidi esou aussetzt. An datt ee seng Ouere schützt mat enger Protektioun, wann ee weess et geet een elo an een Entourage wou ebe ganz vill Kaméidi ass. Dofir hunn zum Beispill déi mat Kaméidi-Maschinne schaffen alleguerten eppes op den Oueren, fir eben net ze riskéieren ab engem bestëmmten Zäitpunkt daf ze ginn."
Vu wéi engem Alter u kann dat mënschlecht Gehéier dann ofhuelen?
"Et ass normal, datt een am Alter lues a lues ufänkt manner ze héieren, ab 40 Joer kann d`Gehéier ofhuelen an et kann ee manner héieren."
Eng Etüd aus Däitschland seet datt all 3. Kand leider scho Problemer mam Gehéier huet. Di eng Kanner méi, anerer ebe manner. Et bleift net aus, datt deen extreme Kaméidi och bei de Jonken am méi héijen Alter Problemer verursaache wäert. Dofir ass et wichteg, datt ee schonn am viraus seng Oueren ufänkt ze schützen.

© pixabay.com
1. Generell gëllt: Héich Lautstäerkte meiden, wann ëmmer et méiglech ass.
2. Bei Kaméidi säi Gehéier schützen. Zum Beispill mat Ouerestëpp.
3. Musek mat Kopfhörer lauschteren, net ze haart opdréinen.
4. Besicht ee Concerte mat haarder Musek, Ouerestëpp an- oder Kopfhörer op d`Oueren.
5. Dat selwecht gëllt fir Aarbechten doheem oder haart Gaardenaarbechten.