
© Martine Neuberg
De Bësch huet vill verschidde Facetten. Et geet ee gären dohinner trëppelen, en ass Heemecht fir eis Déieren an Insekten an e produzéiert Sauerstoff fir eis all. Zu Ënsber um « Burfelt » gëtt et e spannende Bësch-Entdeckungs-Zenter, do huet den RTL Reporter de Chef vum Zenter begéint, an de Dan Vinkowski huet nogefrot, wéi si de Visiteuren de Bësch méi no bréngen.
Dir kënnt net genuch kréie vum Bësch? Méi iwwert dëse flotten Zenter héiert der an engem Web Reportage op radio.rtl.lu. Do kritt der och de Link bei de Burfelt. Kuerz no 11:00 dréint sech da bei eis alles ëm déi privat Bëscher déi ronn 50 Prozent ausmaachen.
https://environnement.public.lu/fr/natur-erliewen/centres-d_accueil/burfelt.html
https://environnement.public.lu/fr.html

© Dan Vinkowski


