All Dag geschéien Accidenter op eise Stroossen! Mee wat muss ee gesetzlech hei zu Lëtzebuerg no engem Accident maachen. Dat ass déi Fro op déi mir elo méi genee wëllen agoen an opklären, grad wéi a wéi enge Fäll een d'Police uruffen dierf a wéini net.

23/03/2023 Wat maachen no engem Accident

Mir sinn eng Gemeinschaft dobaussen op de Stroossen, an do kënnen och Accidenter geschéien. Mee wéi verhält ee sech richteg nom Knuppert? Mir hu beim Fahrlehrer Tim Wagner vun der Fahrschoul Wallheimer nogefrot:

"Als éischt probéiere mir roueg ze bleiwen. Ech maache meng véier Winkeren un a wann et méiglech ass, d'Gefierer esou wäit ewéi et ebe geet vun der Strooss ewech huele fir datt ech net nach eng Gefor fir aner Automobiliste sinn, an datt de Verkéier normal weider leeft. Ech doe meng Warnvest un a stelle mäi Warndräieck op."

Wann et da nëmme materielle Schued ass, dierf een an dësem Fall d`Police uruffen? Den André Schaack vun der Police:

"Bei engem Accident wou keng Persoun zu Schued komm ass, muss d`Police net geruff ginn. Et geet duer, wann di bedeelegt Persounen ee Constat ausfëllen."

A Propos Constat, dëst Dokument soll jo ëmmer am Fall vun engem Accident am Detail ausgefëllt ginn, mee muss ee laut Gesetz iwwerhaapt ee Constat ausfëllen? André Schaack:

"Nee, et muss ee kee Constat ausfëllen. Vun dësem Dokument steet näischt am Gesetz, wat een awer par conter muss maachen, sinn am Fall vun engem Accident all seng Donnéeën ze hannerloossen, soss riskéiert ee wéinst Fahrerflucht sech schëlleg ze maachen."

An awer kënnt et dacks vir, datt Leit zesummen op der Plaz streide well se wëlle kläre wien elo hei an dësem Accident am Feeler ass. Den Tim Wagner kläert op:

"Nee et muss net alles direkt op der Plaz gekläert ginn, wien dann elo eigentlech Schold um Accident ass. Besser wier et de Constat op enger méi roueger Plaz auszefëllen, sou kënnen dat spéider d`Assurancen ënnert sech klären. De Constat ass eben haaptsächlech do fir d`Donnéeë vun de Persounen ze kréien a fir d`Accident ze dokumentéieren a fest ze halen. Wann ech selwer eng Kéier sollt Zeie vun engem Accident ginn, da kann ech och meng Donnéeën do loossen, datt ech eben och dozou bäidroe kann, dat dëst Accident besser gekläert ka ginn."

Wat och interessant ze wëssen ass, wann een eng Kéier en Accident huet, just dës Kéier mat engem Géigestand wéi zum Beispill: e Luuchtepotto, eng Leitplank oder dem Noper seng Mauer; och dat muss ee mellen a fir de Schued opkommen. Wann een do einfach fort fiert, kann dat am schlëmmste Fall als Fahrerflucht ugesi ginn.

RTL

© pixabay.com