An der Lescht héiert ee jo well ëfters vu Kanner oder Jugendlechen déi d'Limitt iwwerschratt hunn an zum Mäerder gi sinn. Sief et well 2020 wou e Geschichtsproff bei eise franséischen Nopere vun engem Jonke gekäppt ginn ass, déi Proff déi elo kierzlech och bei eise franséischen Nopere vun hirem Schüler erstach ginn ass oder elo ganz rezent de Fall Freudenberg. Esou Nouvelle schockéieren immens a bleiwen och hänken. Ma wisou kënnt et eigentlech zu esou schrecklechen Doten?

24/03/2023 Wisou kënnt et zu sou schrecklechen Doten INTERNET

Esou Fäll wou Kanner aner Kanner ëmbrénge sinn immens rar. Bei deenen ënnert 14 Joer souguer nach vill méi. Ma och bei Jugendlechen sinn dat éischter Eenzelfäll. Wat genee dohannert stécht, kann een elo net pauschal soen. Ma d'Hannergrënn kënnen ënnerschiddleche sinn, wéi de Gilbert Pregno, Psycholog a President vun der Mënscherechtskommissioun, erkläert:

"Kann et eng Geschicht sinn, dass an hire Famille vill Gewalt war? Wat ech och weess, dat ass, dass et bei deenen oft Situatioune si vu grousser Einsamkeet. Wa si elo zu 2 waren, da spillt dat net mat. Hu si sech elo vläicht géigesäiteg héich geschaukelt, sinn et der déi vill Videospiller kucke mat Gewalt? Wat ass genee passéiert? Do ginn et ganz vill Grënn. Mee et gëtt elo vill driwwer geschwat, well et och sou dramatesch a sou schlëmm ass, awer et däerf een elo net draus zéien, dass dat elo eppes ass dat permanent géing geschéien."

Natierlech ginn et och Kanner déi well méi laang opfälleg waren an hirem Verhalen, wou awer eng fréizäiteg Interventioun net méiglech oder verpasst gouf. Et muss awer net onbedéngt esou sinn, dass et sech ëm opfälleg oder schwiereg Kanner handelt. Esou eppes kann nämlech och aus dem Näischt eraus geschéien. Ma esou oder esou, a leschter Zäit héiert ee méi dacks vu Fäll an deene Kanner oder jonke Leit zu Mäerder ginn. Heescht dat, dass dës Form vu Gewalt zouhëlt?

"Ob et elo zouhëlt, kann ech net soe mee et ass natierlech eppes, wann et bis geschitt, dann ass eng grouss Opmierksamkeet. Et ass ee jo schockéiert doriwwer well et Kanner sinn a well een et och net versteet. Et ka sinn, dass een doduerch den Androck huet, dass et méi oft geschitt. D'Tendenz ass ganz kloer, an dat schonn zanter Joren, dass d'Kriminalitéit bei de Jugendlechen ofhëlt. Wat zouhëlt, dat sinn Akte vun Incivilitéit, keng Manéieren oder kleng Delinquenz, awer déi aner Fäll hu sichtlech ofgeholl. Dat ass awer eppes wat ganz schwéier ass ze vermëttelen, well ech mengen, dass déi eenzel Fäll sou vun engem Muerd déi bleiwen dann awer am Gediechtnes virrangeg."

Ma generell ginn et awer scho Verännerungen an eiser Gesellschaft déi sech ebe ganz gutt bei de Kanner an de Jonken zréckspigelt.

"Wat ech fannen, ass, dass et ganz vill Defizit gëtt bei ville Kanner, Jonker vu Säite vun der Famill, vun den Eltere well déi d'Erzéiung net méi als Prioritéit gesinn. An e Kand brauch eng staark Bindung fir kënne seng Perséinlechkeet opzebauen, déi huet net all Kand. Ech mengen, mir liewen an enger Gesellschaft déi sou schnelllieweg ass, dass ee mol net méi mierkt wann et engem Kand net gutt geet. Et dauert och immens laang bei eis éier e Kand eng Betreiung kritt. Dat ass erschreckend, obwuel mer ganz vill Strukturen hunn, kann dat ganz laang daueren. Do ass eng Verantwortung vun der Gesellschaft, déi ganz kloer ass an der Prise en Charge vun deene Kanner déi an Nout sinn."

Fir Elteren vu Kanner, déi d'Limitten iwwerschratt hunn, ass et op alle Fall eng enorm Erausfuerderung an d'Reaktioune sinn immens ënnerschiddlech. Dat geet vun der totaler Ofleenung vum Kand bis zu der Justifikatioun vun den Handlungen. Ma grad bei jonken Täter ass et wichteg, dass d'Eltere versiche si weider ze ënnerstëtzen, och wa si dat Schrecklecht vum Akt unerkennen.