Et ass e Fall, deen een net kal léisst. Dat 12 Joer jonkt Louise vu Freudenburg ass d'lescht Woch vu Gläichaltregen dout gemaach ginn. Wéinst deem rezente Kannermord an Däitschland hu mir eis mol gefrot, wat mat Kanner geschitt déi stroffälleg ginn a wéi et mat hire Rechter ausgesäit.

24/03/2023 Ombutsmann Kanner a Jugendlecher

An do si mer dann och beim Ombudsmann fir Kanner ukomm. Wat ass iwwerhaapt deem seng konkret Aufgab, wann et ëm Kanner a Jugendrechter geet?

_________________________________________________________

De Begrëff Ombudsmann kënnt aus dem Schwedeschen an heescht Schlichter. Eng vum Ombudsmann fir Kanner seng Aufgaben ass, am Allgemengen déi Jonk op hir Rechter an och d'Ëffentlechkeet op d'Rechter, déi d'Kanner hunn, opmierksam ze maachen. Am konkrete Fall hei sinn et Mannerjäreger déi d'Dot zouginn hunn. Laut Gesetz kënne Kanner ënner 14 Joer net viru Geriicht zur Rechenschaft gezu ginn, dësen Alter well een op 13 Joer erofsetzen, eppes fir dat den Ombudsmann fir Kanner, de Charel Schmitt, kee Versteesdemech huet.

D'Fuerderung vun engem Strofmündegkeets Alter ënner 14 Joer ass och Ausdrock dovunner, wéi haart eng Gesellschaft mat hire Kanner a Jugendlechen zu Geriicht goe wëll. An do kann een aus eiser Siicht nëmme warnen a plädéieren, dass d'Mënschlechkeet net op der Streck bleift. Et muss ee bedenken, dass ee mat deem Strofmündegkeets Alter och kann an e Prisong placéiert ginn, wann ee verurteelt géing ginn an dass dat an engem ze fréien Alter méi Schuet uriicht, wéi dass et dem Kand oder dem Jugendlechen hëllefe géing.

Wie kann den Ombudsmann fir Kanner aschalten?

All Kand, oder Jugendlechen ënner 18 Joer oder och Elteren, Responsabel vum Kand, deem seng Rechter net respektéiert goufen. Veräiner an Ariichtungen déi sech ëm Kanner këmmeren an eng Mëssuechtung vun de Kannerrechter melle wëllen. Den Okaju befaasst sech och mat Situatioune wou d'Konventioun net richteg applizéiert gëtt. Seng Aufgab ass et, nozelauschteren an ze hëllefen eng Léisung ze fannen. Wat d'Jugendkriminalitéit ugeet, misst de Problem  fir d'éischt awer bei der Wuerzel gepaakt ginn.

Et ass e reelle Problem um Terrain, an de Schoulen, an den Ariichtungen, wou grenz-iwwerschreident Verhalen an och Gewalt den Alldag effektiv zimmlech erschwéieren a vill Kanner a Jugendlecher och Angscht hu fir Ariichtungen a Schoulen opzesichen, aus Angscht virun aneren. Dat ass e Phenomen, deen eng Äntwert verlaangt an do muss d'Politik drop reagéieren.

Wéi kann een den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher aschalten?

Et kann een sech direkt un den Ombudsmann riichten, d'Déngschter vum Okaju si gratis an den Ombudsmann ass och verflicht fir keng Informatioun déi e Betraffenen em uvertraut, un Drëttpersoune virun ze ginn, et sief dann e Kand ass akut a Gefor a muss beschützt ginn.