Et si chaotesch Zäiten bei eisem Noper Frankräich. Hannergrond ass d‘Pensiounsreform déi vun der Regierung an dem President Macron duerchgeboxt gëtt. A wéi beim Boxen steet d‘Majoritéit ëm dem Emanuel Macron ugeschloen do. Den Iwwerbléck mam Jean-Marc Sturm.

21/03/2023 chaotesch Zäiten a Fankräich

Frankräich huet iwwer 30 verschidde Pensiounsregimmer. Déi grouss Pensiounsreform mat der Hausse vum Pensiounsalter hat sech vu vir eran komplizéiert annoncéiert. Elo ass et méi wéi komplizéiert.

D‘Regierung  an de President hunn d‘Reform ouni Vote via den ominéisen Artikel 49.3 vun der Verfassung forcéiert kritt. Gëschter Owend huet d‘Regierung d‘Motions de Censure nëmmen mat enger butzeger Avance vun 9 Stëmmen iwwerlieft. Fir d‘Fraktiounscheffin vun der oppositioneller NUPES Mathilde Panot huet d‘Equipe ëm de Macron net vill Choix

Um Beispill vun der Marine Le Pen vum Rassemblement national kommen änlech Téin aus der ganzer franséischer Oppositioun.

Den Emanuel Macron huet Haut de ganzen Dag iwwer Consultatiounsgespréicher mat senger Premierministesch Borne, de Presidenten vun der Assemblée nationale a vum Senat wéi och den Deputéierten aus den eegene Reien. Muer um Eng adresséiert sech den Emanuel Macron un d‘Fransousen an de Mëttesjournallen op TF1 a France 2.

De Porte Parole vum Elysée Olivier Veron gesäit d‘Regierung nom knappe Refus vun de Motions de Censure gestäerkt, ma d‘Realitéit gesäit e bëssen anescht aus.
 
De Jean-Luc Mélenchon vun der France Insoumise huet un d‘Leit appelléiert weider ze manifestéieren.

An de Stroossen geet antëscht de Protest effektiv weider. Gëschter si ronn 300 Manifestante interpelléiert  ginn. D‘Raffinerien gi weider blockéiert. An e sëllege Statiounen ginn Diesel a Bensinn knapp.

Am Süde vu Frankräich zum Beispill sëtzen ronn 40%vun den Tankstelle schonn um Dréchenen. Iwwermuer soll et ee groussen nationale Streik ginn.

Et si wéi gesot chaotesch Zäiten a Frankräich. D‘Regierung ass um Wackelen. Den Emanuel Macron krut sou ze soen Sursis.