Wärend mer an eiser Kandheet trainéieren en Erwuessenen ze ginn, hu mer net nëmmen nei Saache geléiert, mee mir hunn och aner Saache misste ver-léieren. Wa mer als Kand nach impulsiv a spontan sinn, brauche mer fir den "Erwuëssenekostüm" Selbstdisziplin, Verstand a Respekt, fir an der Gesellschaft gutt eens ze ginn. Dacks bleiwen awer och do gewësse Potenzialer an Talenter op der Streck, déi eigentlech gutt fir eis wären, Michèle Schons?

28/03/2023 Wat kënne mer vu Kanner léieren?

Als Kand léiere mer vun deene Groussen alles wat mer fir d'Liewe brauchen. Mee munches kënnen eis Zwergen einfach besser. A wann ee richteg kuckt, hunn d'Kanner dacks villes drop, wat mir eis als Erwuessenen och heiansdo géinge wënschen an dat kann duerchaus inspiréieren. Och wann Empathie t'éischt geléiert muss ginn, kann een sech awer vun deene Klengen, déi fir sech selwer astinn a suergen, gären eng Scheif ofschneiden. Als éischt mol liewen d'Kanner permanent am Elo an Hei. Op d'Zukunft vertréischt ze ginn, ass eng Qual a wat Passé ass, ass gefillt "gëschter" a langweileg. Déi eege Besoinen hunn déi kleng super am Bléck. Et kann ee scho bal soen, si hunn näischt anescht am Bléck, Sorina Borggrefe, Psychotherapeutin vum Kanner Helpdesk:

Das kann durchaus eine grosse Begeisterung sein, wenn Kinder etwas als besonders empfinden. Und als Bezugsperson, sei es als Mutter oder als Vater ist es ja so, diese Gafühle zu "containen", das heisst, wir nehmen sie in uns auf, und geben sie dem Kind auch adäquat zurück. In vielen Fällen haben wir dann eher so eine Gefühlsansteckung, ein Lachen kann genau so ein Lachen in uns hervorrufen. Ich denke aber auch in Situationen oder mit Gefühlen die ein bisschen schwieriger sind, wenn man zum Beispiel eine Angst entwickelt, gibt man diese Gefühle als Bezugsperson noch einmal ein bisschen anders zurück. Wir geben bestimmt nicht die gleiche Angst wieder zurück, sondern versuchen die Kinder eher zu beruhigen und zu zeigen, dass diese Angst gar nicht so schlimm ist, wie sie im Moment gefühlt wird. 

RTL

© pixabay

"Kanner a Vollerte soen d'Wouerecht", heescht et jo esou schéin. Déi Kleng soe riicht eraus wat d'Saach ass a géife kaum no Konventioune kucken. Dat ass vläicht och fir eis Erwuessener en Impuls fir sech ze trauen de Mond opzemaachen a méi éierlech ze sinn. A wa mer scho beim Thema Diskussioune sinn, Kanner sinn och net nodroend. Op en Handfeste Sträit Inklusiv "Du bass net méi mäi Kolleeg" kënnt meeschtens kuerz drop d'Versönung an et gëtt net Wochelaang gemotzt a gestridden, ma no engem Pardon gëtt einfach weidergespillt. Verzeie kënnen se immens gutt. An et brauch och ganz wéineg fir an eng nei Welt anzedauchen. Wa mir aus Langweil op den Handy kucke, bauen si Bauerenhäff, Fligeren oder eng Buerg matten an der Stuff. An si wëssen och erstaunlech dacks, wat gutt fir si ass:

Ich denke gerade jetzt auch wenn wir so viele Berufsbilder haben, wo wenig das Bauchgefühl letztendlich gefragt ist, sondern es eher ein bisschen mehr verkopfte Arbeit ist, wir mehr auf uns hören lernen müssen. Ich denke, das ist etwas, wo wir Erwachsene uns immer wieder dran erinnern müssen und immer wieder üben müssen, dass wir eigentlich ein ganz gutes Gespür haben was wir brauchen, was wir wollen, was wir uns wünschen und von was wir auch träumen.     

An Duerchsetzungskraaft hunn se. Och wann d'Pläng net ëmmer mat den eegenen zesummepassen, et ass eng Stäerkt, wann ee weess wat ee wëll an dat ëm all Präis. Wat och un deene Klenge faszinéiert ass de gesonde Virwëtz. Als Erwuessenen ass ee jo gäre méi bequeem a verléisst sech léiwer op dat wat ee scho kennt. Kanner dogéint wëllen d'Welt entdecken a sinn esou hongereg op d'Liewen, op Wëssen an nei Erfarungen, dass fir si all Dag eng grouss Aventure ass. An dat schéinst wat een vun senge Butze léiere kann: si hu keng Virurteeler, si lauschteren no an net ze vergiessen, fir si gëtt et ëmmer eppes wouriwwer se vun Häerze laache kënnen.

Och wann et eis net ëmmer liicht ass, den Humor vu klenge Kanner ze verstoen, ass Quatsch maache, Spillen a Rolzen och gutt fir eis. Méi dovunner! 

RTL

© pixabay