Fir de Weekend vum 25. a 26. Mäerz 2023.

Am Auchan am Opkorn Shoppingzenter zu Déifferdeng gëtt haut (25.03) am Kader vum Télévie eng Brioche, déi 120 Meter laang ass, ausgestallt an duerno iwwert dee ganzen Dag verkaaft. Bis 19h00 Auer kann ee sech ee Stéck dovu sécheren.

Haut um 25. Mäerz ass jo weltwäit déi sougenannten Earth Hour. Dat heescht do gëtt iwwerall op der Welt um hallwer 9 fir eng Stonn d'Luucht ausgemaach an och d'Jugendherbergen aus dem Grand-Duché maachen do mat.

Zu Péiteng am Centre Wax spillen den Owend (25.03) Arpetti &Friends op. Nieft flotte Coverversiounen, presentéiert den Julien Arpetti och nach eng ganz Rei nei Lidder, déi hie selwer geschriwwen a komponéiert huet.

Dëse Weekend invitéiert d'Fondatioun Cancer op de "Relais pour la vie" an d'Coque um Kierchbierg. Déi knapp 260 Ekippen, déi un den Depart ginn, sinn da 24 Stonnen an- a ronderëm d'Coque ënnerwee. De Mëtteg (25.03) geet et mat enger Zeremonie lass, wou ënner anerem och de Premier Xavier Bëttel eng Ried hält.

Da gëtt zu Rodange dëse Weekend fir de gudden Zweck gedanzt. Am Kader vum Télévie invitéiert d'Gemeng Péiteng zesumme mat den ZChicas Luxembourg op de Zumbathon Charity Event. Vu 17h00 bis 19h30 Auer gëtt den Owend (25.03) an der Sportshal rhythmesch zur Musek gedanzt.

Gedanzt gëtt sécherlech och um Nëssknacker zu Veianen. Am Centre Culturel Larei suergen den DJ VDG & DASIC fir eng gutt Stëmmung. Diere ginn um 21h00 Auer op.

Hutt Dir nach en CD-Player oder ee Plackespiller doheem? Da kéint Iech d'Foires aux Disques an de Rotonden interesséieren. Muer (26.03) si méi wéi 50 verschidden Händler aus Frankräich, der Belsch, Däitschland an Holland op der Plaz an hu villäicht jo genee déi Plack, déi Dir zanter Jore sicht.

An haut (25.03) mécht de Parc Merveilleux zu Beetebuerg nees seng Dieren op. No der Wanterpaus ginn et och e puer Neiegkeeten. Do wier zum Beispill deen neie grousse Mierwaasser-Aquarium mat Feierfësch am Amazonashaus oder nei Workshops fir Grouss a Kléng bei deenen een e Abléck an de Beruff vum Deiere-Fleeger kritt.