
AOP steet fir Appelation d’origine protégée. Wäiner vun eiser Musel déi den AOP Qualitéits Label wëlle kréien, musse beim Institut Viti Vinicole passéieren, a ginn do ënner anerem vun enger Kommissioun geschmaacht a bewäert.

Goufen eis Wäiner fréier duerch de Label „Marque Nationale“ ausgezeechent, esou schwätze mir haut vun der Appelation d’origine protégée Moselle Luxembourgeoise, fir dem Konsument Qualitéit am Glas ze garantéieren. Doris Goethert, Chargée de gestion, Oenologie contrôle des vins AOP erkläert.
AOP garantéiert eis tatsächlech d'Qualitéit am Glas. Mir sinn hei an enger Schmaach Kommissioun , a mir schmaache mat 7 Leit Produiten déi d'Wënzer gestallt hunn fir d'AOP ze kréien. Do ginn et verschidde Critèren déi am Virfeld musse gekuckt ginn. Am Laboratoire iwwer de Rendement déi d'AOP vir schreiwt. D'wäiner kommen hei un a gi geschmaacht op de Feeler, esou dass mir e feelerfräie propere Wäi kréien déi der Qualitéit entsprécht déi sech de Client wënscht.
Reegelméisseg kennt déi Kommissioun zesumme fir ze schmaachen. Déi Degustatioun ass anonym, wëll soen d’Membere vun der Kommissioun wëssen net vu wéi engem Domaine op eiser Musel de Wäi kënnt.
Um Tableau gi just de Joergang an d’Riefzort affichéiert.
Ech ginn e klengt Beispill. Mir kréie gesot et ass e Rivaner a mir kréien de Joergang gesot. Dat seet scho vill aus. Den 2021er deen huet e bëssche méi Seier. Dat heescht wann do méi Seier am Glas ass, dat ass an der Rei. Den 2022er, de neie Joergang ass anescht. Et war e waarmt Joer, dat heescht mir hu vill Fruucht, eng gewëss Komplexitéit, a mir erwaarden einfach eppes anescht vu verschiddene Joergäng. Wäin ass kee Coca Cola, mee Wäin ass e Produit deen um Joergang hänkt. Mir huelen na de Mond, mir kucken d'Longeur vum Produit, d'Aromatik, mir richen de Wäin an esou gëtt en da bewäert.
Di „commission de dégustation“ sëtzt sech zesummen aus Representante vum Wäinhandel, dem Konsummentschutz, Institut Viti-Vinicole, der HORESCA, de Privatwënzer an der Vinsmoselle.
No all Duerchgang a Voting gëtt och ënnereneen diskutéiert an de Verdikt kommentéiert.
Duerno gëtt de Wënzer dann och iwwer d’Resultat informéiert, Doris Goethert?
Mir hunn haut eng 30 Wäiner a Crémanten geschmaacht. Do waren der och zwee drënner déi net esou gutt ewech koumen. Dat heescht de Wënzer kritt elo eng Informatioun iwwer den elektronesche Programm, also de Guichet électronique. Gëtt informéiert doriwwer, huet säi Wäin d'AOP passéiert oder ass e refuséiert ginn. Huet e réusséiert kritt hien eng Informatioun déi hien op seng Etikett printe kann. Wa net kritt hien d'Informatioun firwat , an do kann hien dann da fir sech kucken a sengem Betriib eppes anescht ze maachen, fir d'Critèren ze erfëllen. .
Do muss dann nach eng Kéier nogebessert ginn, an dann dierf de Wäin och nach eng Kéier fir d’AOP gestallt ginn.

A wat soen d’Representante vun de Cruen déi haut presentéiert goufen?
Wann een hei mat schmaache kann, da gesäit e wëll ganz gutt an et huet een en Iwwerbléck wéi de neie Joergang ass. Da kann ee vergläichen wann ee selwer Wäiner huet, wéi stinn déi par rapport zu deenen aneren do. Et ass eng ganz flott Experienz, e ganz gudden Job fir hei ze schmaachen.
Et war eng ganz interessant Sitzung mat interessanten 2022er Pinot Gris. Vill Komplexitéit, vill Zeidegkeet, super Aromatik, also de Client ka sech scho freeën op e super Joergang.

De 14. Abrëll um Wäimaart zu Gréiwemaacher oder den 1. Mee um Proufdag zu Remerschen ass et dann un iech fir di nei priméiert 2022er Wäiner eng éischte Kéier ze schmaachen.

ech gi keng AOP, bidde mech awer gären un fir ze schmaachen
Fotoe vum Rendezvous mat der Schmaach Kommissioun am Institut Viti Vinicole zu Réimech déi gesi mir elo geschwënn op www.rtl.lu
Méi Explikatiounen an Informatiounen ronderem d'AOP och gären um Site www.vins-cremants.lu