
© RTL Archives
"Schéck dech, soss kënns de op Dräibuer" - en Ausdrock, deen déi meescht vun eis als Kand scho mol héieren hunn. 1948 hunn d’Diere vun der "Maison de redressement" zu Dräibuer opgemaach. Wann et deemools eng Plaz war, wou Kanner a Jugendlecher virun allem gefügeg gemaach goufen, ass een haut awer vun deem Stigma fort.
Haut ass et de "Centre Socio-Educatif Dreiborn" an domat eng Plaz, wou een op Educatioun wëll setzen. D'Missioun vum Centre socio-éducatif de l'Etat ass et, mat jonke Leit, déi vum Geriicht als Jugendschutzmesure un d'Struktur verwise gi sinn, un hiren Zukunftsperspektiven ze schaffen. An deene meeschte Fäll sinn et Jonker am Alter tëscht 15 an 18 Joer mat schwierege Biografien. Ralph Schroeder, Direkter vum Centre Socio Educatif:
Do ginn et verschiddenen Instrumenter. Mir schaffe mat engem Förderplang, do geet et drëms dass de Referenzerzéier, de Psycholog an de Referent Scolaire vum Jonken, zesumme mam Jonken e Plang opstelle, wéi hien sech soll entwéckele wärend senger Zäit an der Institutioun. Do geet et dann drëm un senge Fäegkeeten a Kompetenzen am Alldag ze schaffen, de Jonke gëtt awer och psychologesch an senger Wunngrupp begleet, well mer jo och wëssen dass déi jonk bei eis mat Verhalensopfällegkeeten, heiansdo esouguer schwéieren Opfällegkeeten och schonn eng laang Biografie hunn, an där sech déi Problemer entwéckelt hunn an et geet natierlech och dorëm fir dat mat hinnen zesummen ze diskutéieren a mat hinnen drun ze schaffen.

© RTL Archives
An deene leschten 5 Joer huet d'Zuel vun de Jonken déi am CSEE opgeholl ginn, éischter ofgeholl. D'Wunngruppe sinn net méi esou iwwerfëllt wéi nach viru 5 Joer, op där anerer Säit wären awer d'Profiller vun de Jonken elo méi intensiv an erfuerdere méi Aarbecht:
Mir mierke wa mer et mat Jonken ze dinn hunn, déi nieft Verhalensopfällegkeeten och psychesch onstabil sinn, an dat hu mer a leschter Zäit méi dacks, dass dann och d'Aarbecht fir eis méi schwéier mécht. Mir hunn zum Beispill och elo heiansdo mat Jonken ze dinn, déi sinn an engem Krich op d'Welt komm, an dat ass schonn Eppes, wat eppes ganz aneres mat engem jonke Mënsch mécht, wann en an engem Krich grouss gëtt wéi wann en a Friddenszäite grouss gëtt an dat sinn och Entwécklungen déi eis virun Erausfuerderunge stellen.
Mëttlerweil verdeelt sech den CSEE op dräi Sitten, nieft Dräibuer si Schraasseg an 2020 Buerglënster derbäi komm. D'Aarbecht mat de Jonke gëtt op dräi Sitten am Zentrum respektiv Oste vum Land gemaach. Zanter 2020 gëtt et zu Buerglënster ee Wunngrupp reng fir Meedercher. Zu Schraasseg ginn et der zwee fir Jongen an een Appartement, wou Jonker wunnen, déi méi wäit um Wee zur Autonomie sinn. Zu Dräibuer gëtt et och zwou Wunngruppen, hei sinn déi Jonk ënnerbruecht, déi eng méi intensiv pedagogesch Betreiung brauchen. An da gëtt et zu Dräibuer nach d'Unité de sécurité, kuerz UNISEC, e geschlossene Wunngrupp fir bis zu 12 Jonker, op Jong oder Meedchen.

© RTL Archives