
© Jean-Marc Turmes
Wann den Untersuchungsriichter seng Enquête ofgeschloss huet, an där et drëms geet d‘Strofdot opzeklären, da gëtt de Parquet den Dossier bei d‘Jugendgeriicht.
Déi Meedercher missten si sech dann fir déi Strofdot veräntwerten.
D'Premier avocat général Simone Flammang erkläert.
Simone Flammang: "D'Jugendgeriicht muss schlussendlech eng Konsequenz ginn fir déi Strofdot, déi si gemaach hunn. Konsequenz ënner Form vun enger Jugenschutzmoossnam, déi deemno wéi souguer kann iwwer d'Majoritéit ewech kann verlängert ginn. Eng Dauer, déi d'Jugengeriicht dee Moment festleet. Am äusserste Fall gesäit d'Gesetz vir, dass ee ka bis zu zwanzeg Joer iwwer d'Majoritéit ewech placéieren. Dat ass theoretesch méiglech, ech selwer hunn esou eng Moossnam an der Praxis nach ni gesinn."
Dat läscht Wuert ass dann awer nach net geschwat.
Simone Flammang: "Och wann vum Jugendgeriicht eng laang Moossnam decidéiert gëtt kann awer zu all Zäit de Riichter dat erëm ofänneren, an op déi momentan Situatioun an aktuell Circonstance vun de Mannerjäregen adaptéieren, fir dass et hinne bescht méiglech hëlleft herno responsabel Erwuessen an eiser Gesellschaft ze ginn."
Géint 10 fir 3 gi mer da gewuer wéi et hei am Land mat der Jugendkriminalitéit ausgesäit.