Schonn de Moien am Wecker gouf iwwert d`Thema "Viagra" geschwat, wou et ënnert anerem ëm d`Geschicht vun der bloer Pëll gaangen ass. Haut um internationalen Dag vum Viagra kläre mir e bësse méi am Detail iwwert dës Pëll op.

27/03/2023 Internationalen Dag vun der Pëll Viagra 3

Viagra ass den Numm vum Medikament oder vun der bloer Pëll, well d'Faarf ebe blo ass, mee wosst dir schonn dass de Wierkstoff "Sildenafil" dee Wierkstoff ass, deen dës Pëll aus mécht. Hei zu Lëtzebuerg brauch een eng Ordonnance vum Hausdokter oder ebe vum Urolog fir Viagra ze kréien.

Wéi eng Niewewierkungen huet Viagra? Den Urolog Patrick Krombach.

"Ma di Pëll huet all méiglech Niewewierkungen di och eng Dilatatioun vun de Gefäässer maache kann, am alldeegleche Gebrauch wat d'Leit mir soen, ass, Si kréie gutt de Kapp wéi. Dat heescht se wierkt kuerz a staark. An all deene Klasse vu Medikamenter muss ee scho soen, datt de Viagra warscheinlech dee stäerksten ass. Di heefegst Niewewierkung bei dësem Medikament ass de Kapp wéi. Wat soss nach sou u Niewewierkunge kënnen opdauche sinn: Faarflech Verännerungen an der Vue, d`Nues ka lafen, de Bluttdrock kann erof goen. Insgesamt hält dësen Effekt 4 Stonnen un. Wann ee lo keng gréisser Vir-Erkrankungen huet, ass dat awer alles machbar. Awer oppassen datt ee mam Dosage net iwwerdreift."

A wat geschitt wann ee jonke Mann d'Pëll hëlt ouni datt hie se onbedéngt brauch?

"Et ass eng Pëll wou een nëmmen op Ordonnance kritt, och ee Jonken ouni datt hien et weess, huet villäicht eng Niewen-Erkrankung an domadder Niewewierkungen ausléise kann, déi absolut net néideg sinn a potenziell och geféierlech kënne ginn. Also, ech géing kengem uroden, esou eng Pëll ze huelen ouni awer eng Kéier mat engem Dokter, Expert geschwat ze hunn, deen dës Persoun och eng Kéier gesinn huet."

Wann Iech d'Thema interesséiert, mir stellen dem Urolog nach weider Froen, de Mëtten och beim Laurent a beim Tom. Do geet et ënnert anerem drëms, wat geschitt wann een zwou Viagra Pëlle mateneen hëlt.

All Reportagen iwwert den internationalen Dag vum Viagra fannt dir och op Radio.rtl.lu