Haut ass den internationalen Dag vum Viagra, wou schonn d'Kolleegen de Moien interessant Froen haten, déi Dir natierlech bei eis op radio.rtl.lu nach eng Kéier liesen a lauschtere kënnt.

Di blo Pëlle sinn nach haut ee Millioune Geschäft fir Pfizer, wat jo duerch pueren Zoufall entstanen ass, well et war ursprénglech géint ze héije Bluttdrock geduecht. Elleng am Joer 2019 huet Pfizer een Ëmsaz vu 497 Milliounen US-Dollar mat Viagra gemaach. Mir stellen iwwert de ganzen Dag dem Urologe Patrick Krombach Froen iwwert dëst Medikament:   

Firwat kréien d'Männer am méi héijen Alter Erektiounsproblemer?

"Am Alter hëlt d`Elastizitéit vun de klenge Gefäässer of an dat ass de Problem. D`Konditioune ronderëm mussen och ëmmer méi perfekt sinn. Dat heescht fréier mat 20 Joer, bei deene jonke Borschten do geet dat egal wat lass ass. Och wann niewendrun eng Bom explodéiert dat ass kee Problem, mee am méi héijen Alter muss de Kontext besser sinn. Dat heescht, och wann do elo Stress ass oder Problemer an der Koppel selwer, dat geet schonn duer datt et net méi gutt geet. A wann och soss grave Gefääss-Erkrankungen do sinn oder et ass een zockerkrank oder wann ee ganz vill gefëmmt huet an d`Gefäässer net méi gutt sinn, da kann dat och schonn een Ausléiser sinn."

Dierf een och zwou Pëlle mateneen huelen?

"Also wann een iwwert de recommandéierten Dosage eraus geet, dann huet dat schonn e Grond firwat een eng gewëssen Dose verschriwwe kritt. Dat heescht ech géing dat kengem roden, well et wierkt net méi. An et hëlt ee just a Kaf méi Niewewierkungen ze kréien an dann och villäicht méi komplizéierter."

Den Owend beim Gibbes geet et da weider mam Viagra.