
© pixabay.com
Am Laf vun de leschte Joerzéngten hu sech d'Offer, de Contenu an d'Diversitéit vun de Medien an domadder och den Alldag vun eis all immens verännert. Medie wéi de Computer an Internet, d'Smartphonen an d'Tablett sinn effektiv well feste Bestanddeel vun eisem Alldag ginn. A genee an där Welt wuessen eis Kanner haut op.
Éier déi Jéngst iwwerhaapt e Smartphone oder eng Telecommande selwer an de Grapp huelen, gesi si well wéi an der Famill mobil Apparater benotzt ginn. Ma virun allem an den éischte Liewensjore brauche Kanner awer nu mol vill Erfarunge mat hire Sënner: Richen, Schmaachen, Héieren, Gesinn a Fille si fir d'Entwécklung vun hirem Gehier extrem wichteg. Kanner léieren hier Ëmwelt kennen andeems si ausprobéieren an imitéieren. Dofir brauche si keen Tablett a kee Smartphone och wann een dëse mol punktuell asetze ka fir déi Klengst ze stimuléieren oder fir Wëssen ze iwwermëttelen. Et gëllt awer grad bei Kanner am Ëmgang mat Smartphone a Co gutt opzepassen, sou de Peter Hensinger, Pädagog a Vize-President vun diagnose:funk:
"Das Hauptrisiko ist, dass Kinder von den Medien abhängig werden. Kleinkinder sehen bei ihren Eltern, dass diese das Smartphone benutzen, also muss das was Gutes sein. Und das Risiko besteht darin, dass diese Medien das natürliche Spielen, das Sprechen mit den Eltern, das Vorlesen, ersetzen und damit bei den Kindern schon ganz früh Sucht nach diesen Geräten ausgelöst wird. Bei Jugendlichen ist es das Gleiche, Sie müssen nur um sich schauen. Ein Jugendlicher kann heute Langeweile oder Stille nicht mehr ertragen, er muss sofort das Smartphone rausziehen."
Donieft hunn Etüden an Tëschenzäit och well erginn, dass d'Kanner duerch d'Benotze vun den digitale Medie sech manner beweegen an dat huet op Dauer Iwwergewiicht als Konsequenz. Och d'Kreativitéit an déi schoulesch Kompetenzen huelen of. Natierlech mécht den Dosage hei, wéi bei ville Saachen, d'Differenz. Fir e Kand wat mol vun Zäit zu Zäit mat digitale Medien a Kontakt kënnt, dierft dat elo kee grousse Problem sinn. Ma wichteg wier et, dem Peter Hensinger no, awer och, dass d'Kanner léiere sënnvoll mat digitale Medien ëmzegoen:
"Wir sagen, es braucht eine Erziehung zu Medienmündigkeit. Also die Medien dürfen die Kinder nicht beherrschen, sondern die Kinder oder die Jugendlichen müssen die Medien beherrschen. Und deshalb muss die Medienerziehung Teil des Unterrichts sein. Medienerziehung bedeutet Lesen, Rundfunk und Fernsehen, Smartphone und Internet und das braucht einen hohen Stellenwert im Unterricht in Zukunft, weil die Medien so einen hohen Stellenwert in der Gesellschaft haben. Das ist völlig vernachlässigt worden."
Hei wier de Staat gefuerdert déi Saach an Ugrëff ze huelen.
Ma Sou ganz ouni Handy a Co wäert an eiser Gesellschaft haut kaum nach e Kand grouss ginn, ma vläicht kéint een als Erwuessene probéieren, de Smartphone mol méi dacks op d'Säit ze leeën a sech méi op säi Kand a seng Ëmwelt ze konzentréieren.