
© pixabay.com
Et schéngt, wann een e Bléck an d'Medie geheit, wéi wann d'Kriminalitéit bei jonke Leit däitlech zougeholl hätt. Dat geet vum einfachen Déifstall bis hin zur Kläpperei oder och alt mol Abréch, Drogeproblematiken oder souguer och mol Homicide. Woubäi dat awer éischter d'Ausnam ass. Erschreckend Noriichte koumen an deem Sënn an de leschte Méint vun eisen däitschen a franséische Noperen. Ma wéi gesäit et hei am Land aus?
Aktuell hu mir hei am Land kee Jugendstrofgesetz, mee e Jugendschutzgesetz. An dat mécht et scho mol méi komplizéiert fir prezis Chifferen ze hu wat d'Unzuel u Strofdote bei Kanner a Jugendleche ugeet. Aktuell läit ee sou tëscht 1800 an 2200 bis 2500 PVe pro Joer. David Lentz, Procureur d'Etat adjoint a responsabel fir Jugendschutz an "Affaires Familiales" beim Parquet Lëtzebuerg:
"Dem Gefill no géing ech soen, dass mir eng relativ Stabilitéit hunn iwwert déi lescht Jore wat d'Jugendkriminalitéit ubelaangt, wat awer net heescht, dass mol verschidde Phenomener komme vun deenen dann op eemol geschwat gëtt. Mee et ass méi oder wéineger stabel an deene leschte 6 Joer."
Wann et dat elo mat Frankräich vergläicht, leie mir hei bei eis mat 0,5 bis 0,9% vun de strofrechtleche Poursuitte géint Mineuren par Rapport zu 8 bis 10% am Hexagon, nawell zimmlech déif. Ma et begéint een och alt mol Situatioune an deenen eis Klengst verhalensopfälleg sinn:
"Effektiv hu mir och verschidde Momenter, an de Crèchen oder am Fondamental, Situatiounen, wou e Comportement op eemol kënnt wou een e wéineg méi aggressiv ass, wou een eng gewëssen Deviance am Comportement ass. Dee Moment huet dat awer absolut näischt mat Jugendkriminalitéit ze dinn, dat versiche mer och net mat Bestrofen ze behandelen, do versiche mer mat Diversiounsmoossnamen oder mat psychotherapeutesche Moossnamen ze intervenéiere fir do ze weise firwat sinn d'Kanner esou, wou hu se dat gesinn, firwat agéiere si esou. Do versiche mer d'Problematik ze verstoen. Dat gëtt keng Poursuite vun engem Geriicht, dat gëtt eng aner Approche dann dee Moment."
Et gëtt jo dacks gesot, dass déi Jonk de Spigel vun der Gesellschaft sinn. Sou och wann et ëm d'Gewaltbereetschaft geet. Jonker déi sech ënnert enaner zerklappen, goufen et der well ëmmer. Ma hautdesdaags schéngt dëse Phenomen awer zougeholl ze hunn, an dat net nëmme bei deene Jonken:
"Et ass ëmmer einfach op déi Jugendlech ze klappen, wann een dat sou ka soen. Ech géing soen et ass e sociétaire Problem. An der ganzer Gesellschaft gëtt net méi matenaner geschwat, et gëtt net méi mat Wierder argumentéiert, wann et eng Kéier sou wäit ass, da gëtt séier d'Fauscht geholl, et gëtt ee ganz béis. An dat huet näischt mat der Jugend ze dinn, dat fënnt een an der ganzer Gesellschaft erëm."
Et ass also absolut kee Wonner wann eis Kanner dat Verhale kopéieren, wat mir hinnen als Erwuessener virliewen. An awer soll een elo net de schwaarzen Däiwel un d'Mauer mole well esou Fäll wéi kierzlech zu Freudenburg sinn a bleiwen d'Ausnam.