
Och wann den John Cena mëttlerweil als Schauspiller an Hollywood-Filmer bekannt ass, dierft hie wuel als ee vun de Groussen am Wrestling ni vergiess ginn. Mat senge Spektakulären Optrëtter a sengen am ganze 16 Weltmeeschterschaften, ass hien e reegelrechte Publikumsmagnéit ginn. A genee deen John Cena ass dohier och um Cover vum der aktueller Editioun vun WWE 2K. Den David Winter mat weideren Detailer.
"I'm John Cena!" Mat dëse Wieder huet virun 21 Joer eng Wrestling-Karriär ugefaangen, eng Karriär, déi zënter hier senges Gläiche sicht. Niewebäi ass dëse Slogan och virtuell zu engem Klassiker ënnert de Online-Meme ginn. Ma net nëmmen koum de Cena op de Cover vun WWE 2k23, ma him gouf och direkt e komplette Spillmode didiéiert:
„Den John Cena ass eng Legend, hien um Cover ze hunn, ass eng richteg Éier fir eis. Et ginn am Spill 14 verschidde legendär Kämpfer, bei deem s de hie selwer spille kanns, oder ee vun senger Géigner an da géint de Cena untrëts. Dëst ass eng fantastesch Erfarung."
(„John is one of the greatest icons in WWE history and having him in the game has been a huge deal for us. You can be him in 14 showcases and take him on as well. And I think it is gonna be super fun for people. And it will be a fantastic experience.”)
Sou den Alan Flores, Design Director vun WWE 2K23. Am Spill stinn iwwer 200 Personnagen aus der Wrestling-Welt zur Auswiel, dorënner souwuel aktiv wéi och fréier Staren, Frae wéi Männer. A mat dëse Wrestler kann een dann schnell Matcher maachen, un Turnéieren deel huelen, dat eleng oder an Teams déi een dann am MyGM-Mode geréiere muss. Op Géigner aus der ganzer Welt trëfft een dann am Multiplayer-Beräich.:
"Et kann ee mat 4 Spiller untrieden. Bei "MyFaction" kann een dann online mat sengem Team géint aner Spiller untrieden. Hei ginn et da Spillmodussen, wéi "Triple Threat" oder "4Ways" oder "Elimination Chamber". Zënter dësem Joer gëtt et och de Royal Rumble-Mode."
(„You can now play four live players. We added online multiplayer MyFaction, you can have your faction challenge another faction and play 4ways, Thriple Threats and Elimination Chamber. And we also have royal Rumble Online this year. So there is a lot of cool stuff there.” )
Eent vun den Highlighten niewent de Kämpf vum John Cena, ass den neie Spill-Mode „War Games“, wou et, sou den Alan Flores, richteg zur Saach geet:
"Et ass warscheinlech de witzegste Modus, dee mer bis ewell haten. Et ass den totale Chaos: Zwou Arenaen niewendeneen mat sechs bis aacht Wrestler, déi sech iwweral bekämpfen. Et kann ee seng Géigner mat Géigestänn ugräifen oder op der Käfeg klammen a vun do erofsprangen. WarGames muss een als Wrestling-Fan ausprobéiert hunn."
(„It is probably one of the funniest match types we have ever added. It is like total chaos. We have two rings – side by side – and six or eight superstars battling across both rings. You can bring in multiple types of weapons, jump off the top of the cage. It is just complete chaos but it is super fun. You have to play it for yourself.” )
WWE 2K23 ass fir Playstation, Xbox a PC erauskomm.