Eis Aarbechtswelt verännert sich permanent an d'Digitaliséierung genee sou wéi déi energeetesch Transitioun droen hire groussen Deel dozou bäi. Technesch Acquisen erliichteren eisen Aarbechtsalldag a Maschinne ginn deelweis eis nei Kolleegen. Ma och d'Zil méi ekologesch ze produzéieren an ze liewen, bréngt Ännerungen am Beruff mat sech. D'Konsequenz vun deem Ganzen ass awer, dass bestëmmte Beruffer mat der Zäit manner relevant wäerte sinn, oder vläicht souguer ganz verschwannen.

28/03/2023 Zukunft vun eise Beruffer INTERNET

Déi gutt Noriicht ass awer déi, dass op mannst mol am Handwierk kaum Beruffer wäerte verschwannen. Vill méi wäerten an Zukunft nei Beruffsbiller dobäi kommen. Gilles Walers, Conseiller op der Chambre des Métiers:

"D'Handwierk ass am Fong en extrem dankbare Secteur, well et e Secteur ass deen éischtens mol ganz breet opgestallt ass an doduerch eng extrem breet Palette u Beruffer a sengem Segment huet an deemno natierlech och eng ganz Bandbreet vun Evolutioune matmécht. An als Solches ass d'Handwierk als Gesamt en Zukunftsberuff, wann een dat sou kann nennen, well et dat alles ofdeckt, well et dat alles begleet an eben déi Evolutioun begleet an eben och déi verschidde Beruffsbiller sech ëmmer erëm mat änneren, sou dass ee mat engem Handwierk am Fong ëmmer vir bäi ass wat d'Zukunft ubelaangt."

Nieft de Beruffsbiller, déi sech ännere wäerten, wäerten awer och nei Handwierksberuffer bäikommen.

"Dat si Beruffer déi ginn zum Beispill influenzéiert duerch "intelligence artificielle". Do wäerte mer zum Beispill am Beräich vun der Fotographie gesinn, dass sech ganz vill wäert änneren. Och d'Prozesser déi ronderëm d'Handwierk sinn, déi digitaliséiert ginn, déi duerch d'Technologie beaflosst ginn, och déi wäerte sech lues a lues veränneren. De Beruff u sech wäert sech dann natierlech och veränneren."

Dat selwecht gëllt fir déi energeetesch Transitioun déi awer och nei Beruffer wäert mat sech bréngen:

"Do ginn et ganz verschidde Beruffer, zum Beispill eppes wat mir ganz zaghaft am Moment gesinn am Beräich vum Upcycling a Recycling, do ginn et ganz vill Beruffsbiller déi wäerten, sief et nei oder anescht komme wéi mir se bis elo kennen. Dat hu mer souwuel am Beräich vun der Constructioun wéi am Beräich vun der Moud. An dann natierlech och alles wat Innovatioun ubelaangt, d'Handwierk ass inherent innovativ fir kënnen ze iwwerliewen, mee do ginn et dann natierlech ganz vill Beispiller. Mir hunn och an der Constructioun e Phenomen dee sech sécherlech an den nächste Jore wäert weider entwéckelen, dat ass de Réckbau, dat heescht, dass ee bestoend Materialien hëlt, dat ofbaut, recycléiert fir dann nei oder ëmzebauen."

An esou ebe méi ekologesch ze handelen. Dat sinn zum Beispill nei Beruffsbiller wou déi Jonk, déi sech haut well méi aktiv fir den Ëmwelt- an de Klimaschutz asetzen, sécherlech kënnen en Deel dozou bäidroen, dass d'Welt vu muer och eng Welt ass an där mir liewe kënnen a wëllen.