
© pixabay.com
21 Joer gouf un engem Gesetz géint Mobbing gedoktert. 2002 hat d’Mobbing ASBL eng Gesetzpropositioun gemaach. Ufank Mäerz huet d’Chamber e Gesetz géint den Harcèlement op der Aarbecht ugeholl. Awer wat heescht dat?
Et misst een an deem Kontext och mol Mobbing definéieren, de Maître Jean-Jacques Schonckert.
Den Harcelement moral setzt viraus, dass et systematesch ass a widderholl ass emol dat Éischt an et muss atteinte à ma dignité oder indignité physique sinn oder meng Aarbechtskonditioune mussen degradéiert ginn an do muss een effektiv selwer Beweiser bréngen oder ech bréngen Zeien, an do war et esou d'Leit doe sech nach wéi vor awer e bësse schwéier fir d'Zeien, an do ass och, ech wëll net soen Zeie Schutzprogramm, mee déi Zeien, déi Aussoen, kënnen net herno gestrooft ginn, wat virdru war.
Mobbing op der Aarbechtsplaz ka sech op verschidde Manéiere manifestéieren. Eent ass awer kloer:
Den Employeur muss, wann hie weess, dass do e Mobbing ass, da muss hien dat ënnerbannen. De Mobbing geet an all Direktioun; dat heescht et geet net nëmmen vun uewen no ënnen, de Patron op den Employé, mee och d'Employéen ënnert sech an de Patron kann och gemobbt ginn, an dat steet och expressis verbis am Gesetz dran, déi vu bausse kommen, notamment d'Fournisseuren, do kënnen och vläicht Saache virfalen a wéi gesot, dat ass all Patron iwwerlooss, wéi hien do dat ënnerbënnt.
Wann de Fall dann antrëtt, soll een net direkt mat Kanounen op Spatze schéissen. Eent nom aneren:
Et ass wéi an all Famill; et geet ee mol fir d'éischt d'Wäsch ënnert sech wëschen ier een déi knaschteg Wäsch eraushänke geet. Well ech mengen dat ass jo kloer, ech kann net elo bei d'Police lafen, hei mäi Patron mécht dat, an dat wann de Patron selwer emol et weess ëm wat et geet. De Patron ass déi éischt Ulafstell bezéiungsweis wann eng Delegation de personnel do ass oder d'Aarbechtskolleegen, déi dat mussen awer viru ginn, well et ass jo schliisslech de Patron deen um Enn d'Decisioun hëlt an deen och herno, fir et op gutt Lëtzebuergesch ze soen, geklaakt gëtt, wann en näischt mécht.
Dem Maître Jean-Jacques Schonckert seng Äntwerte ronderëm d'Thema Mobbing op der Aarbechtsplaz, dat jo lo e legale Kader huet, fannt dir natierlech och op radio.rtl.lu.