
© pixabay
Fir d'26te Kéier invitéiert Natur&Ëmwelt mat senge Partner op d'Campagne "En Dag an der Natur", déi ronn 300 Natur-Aktivitéiten tëscht dem 1. Abrëll an dem 31. August proposéiert an déi de Leit d'Méiglechkeet gëtt, déi heemesch Landschaft an och d'Déieren a Planzewelt op eng spannend a lieweg Manéier z'entdecken. Lescht Woch ass de Programm virgestallt ginn, Michèle Schons?
Bekanntlech kann ee just dat schätzen a schütze wat een och kennt, dofir ass et wichteg déi Aarte besser ze kennen, déi hei liewen an och ze wëssen, dass et hei an eisem klenge Ländchen esou vill Interessantes gëtt an d'Natur eis mat senger Diversitéit trotz negativem Trend, ëmmer nees Freed an Erhuelung schenkt. De Programm ass genee esou divers, wéi och d'Aarten déi hei liewen, dat geet iwwer Workshops, Guidéiert Touren a Visitten, Familljefester oder och Coursen. Lass geet et den 1. Abrëll mat direkt 5 Aktivitéiten, Claudine Felten, Directrice vun Natur&Ëmwelt:
Dat ass een Entdeckungstour duerch d'Kasematten, Et ass e 34km laangen Trëppeltour duerch d'Naturschutzgebitt am Schengener Dräilännereck, wou mer och iwwer d'Grenze vu Lëtzebuerg eraus ginn, zu Stengefort ginn direkt zwou Aktivitéite proposéiert, zum Engen d'Geschicht vum Eisen, vun deenen ale Schmelzen an der aler Eisebunn. Ganz spannend ass och uewen am Éislek zu Kierchen (Basbellain), do kann een de Biber entdecken, oder op mannst seng Spuere gesinn.

© pixabay
Dat ass fir Jiddereen, fir Grouss a Kleng. Vu Yoga iwwer Schatzsich, Kraiderwanderungen, Bak- a Kachcoursen, Trëppel- an Entdeckungstier, Fester. An der Moyenne sinn et zwou Offeren den Dag, de Weekend kënnen et der awer och mol vill méi sinn.
Wann ech der elo misst zwee eraussichen, da géing ech den 20te Mee mam Stephane Meyer bei Terra e Menü aus Wëllkraider a Fréijoersgeméis matkachen, an den 8te Juli géif ech mam Claude Schiltz vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur, de Riedergrënn am Éislek wanderen, wat wierklech e ganz flotten Tour ass, duerch esou en typescht Éisleker Dall, duerch de Bësch. Mäi ganz perséinlechen Highlight ass natierlech d'Fest vun der Natur de 17. an 18. Juni am Haus vun der Natur op der Kockelscheier.

© pixabay
De ganze Programm dee fannt der bei Natur&Ëmwelt um Site, do gëtt et eng ganz Broschür, esou eng Art Kalenner, wou een all Dag drop kucke kann, wat wou grad lass ass.

© pixabay