
An de nächste Minutte gënne mir eis e Patt Wäin. Neierdéngs heescht et elo jo dann dacks:
„World of Zero“ esou war di proaktiv Bün op der Pro Wein iwwerschriwwen. Jo d’Wäin a Spirituose Branche ass quasi am Ëmbroch. Di sougenannte Generatioun „Z“ huet en anert Bewosstsinn fir d’Gesondheet, huet hiert Konsumverhale geännert.
Do spillt dat alkoholfräit eng ëmmer méi grouss Roll.

D’Oenologin aus dem Institut Viti Vinicole Doris Goethert war och op der Pro Wein an hat sech besonnesch vill Zäit geholl a fir Wäiner aus allen Häre Länner interesséiert deem den Alkohol entzu gouf.
Ech hunn tatsächlech Wäiner aus aller Welt gesinn. Australien, USA / Kalifornien, Frankräich a Portugal. Also all Land wat Wéngerten huet, war do vertrueden op der Pro Wein mat verschiddene Produiten, mat méi oder manner Zocker. Dee Produit deen fir alkoholfräi verschafft gëtt, dee muss eng héich Qualitéit hunn wann si ausgesicht gi fir alkoholfräie Wäin. Beim alkohlfräie Wäin verléiert sech d'Aromatik. Beim entalkoholiséieren hëllt een den Alkohol eraus. Deen ass awer wéi d'Fett beim Iessen e Geschmacksträger. E Wäin dee schonn am Ufank keng Aromatik huet, huet herno am alkoholfräien nach manner Aromatik.
Eis Wäiner sinn net nëmme Genoss, mee jo och Liewesmëttel, an di Geschicht mam Glieschen an Éieren huet net méi ëmmer fir jidderee Bestand?

D'Leit kucken haut einfach vill méi drop wat si iessen. Et gëtt vill méi doriwwer geschwat wat ass gesond a wat net. Elo iwwer d'Gesondheet ze schwëtzen dat ass d'Saach vum Dokter net méng Arbecht. Awer definitiv et gëtt ëmmer méi Leit déi oppasse mussen. Mir mussen oppassen wa mir mam Auto fueren, schwanger Fraen ass et ganz wichteg opzepassen dass näischt gedronk gëtt. Et ginn awer och Leit déi Medikamenter huelen, oder fir Leit déi einfach keen Alkohol wëllen drénken, där ginn et och. Di huet een da Produiten um Marché déi een hinnen ubidde kann als Alternativ.
Mee et ginn och Wënzer déi wénken of a sëtzen net op 0 Prozent?


Fir en alkoholfräie Produit do brauch een och eng gewëss Quanitéit déi e produzéiert. Et gëtt net duer mat 500 Liter beispillsweis, demno fir kléng Wënzer Betriiber ass et am Moment nach net interessant.
Nei dobäi op der Musel ass elo d’Vinsmoselle mat Wäin a Mousseux. De President Josy Gloden gleeft och hei un de Succès, oder huet e misste reagéieren?
Wann een esou Produit op de Marché bréngt da gleeft een drun, et huet een awer op der anerer Säit och misste reagéieren. Eis iwwerluecht wéi eng Cuvée mir zesummestellen a wéi dat Produkt sech herno am beschte kënnt presentéieren. An doropshin hu mir dunn fir den 1. Januar, fir den "Dry January" hu mir en alkoholfräie Wäin a Mousseux op de Marché bruecht.
Wéi eng Zorte kommen do a Fro?
Am beschten Cépagen déi e bëssche méi fruchteg sinn. Déi eegene sech am beschte fir de Wäin ze entalkoholiséieren. E Schotz Gewürztraminer, et kann een e Rivaner huelen wëll dee schéi fruchteg ass, oder en Auxerrois. Also do hu mir schonn hei zu Lëtzebuerg mat eisen Zorte Spigelen schonn e puer Varianten.

De Pionéier bei eis mat de Wäiner ouni Alkohol ass d’Caves Schlink vu Meechtem. Do sinn et haut schonn 8% vun der Produktioun, deemno 7000 Fläschen déi an tëscht ëmgesat ginn.


Jo an di bekanntste Madamm déi den Trend wäert virun dreiwen ass d’Pop Ikon Kylie Minogue, déi ebe grad op der Pro Wein 2023 zu Düsseldorf hire „new alcohol free sparkling rosé“ virgestallt huet.

Mir sinn da natierlech och gespaant wéi deen Trend bei eis op der Musel evoluéiert. Egal wéi huet een also elo de Choix. Um Enn dierft et, wéi esou dacks, eng affaire de gôut sinn, ob dat engem elo zouseet oder net. E puer Fotoe vun de Lëtzebuerger Wäiner a Mousseux déi gesidd dir op www.rtl.lu