
© pixabay.com
Gëtt et en nach? Den Dresscode? An der Zäit huet ee sech missen un eng gewëssen Tenue halen, well ee soss net huet dierfen um Event deel huelen.
Punkto Kleedungsstil ass et awer méi labber ginn, jidderee ka Plus Minus selwer decidéiere wat e wëll undoen. All Mënsch huet säin individuelle Stil. Säin eegene Stil mécht de Mënsch jo och aus. En Dresscode gouf et ënner anerem och an de Schoulen, do huet et dann zum Beispill geheescht: keng Kapen undoen. Mee ass dat nach ëmmer esou? De Fabrice Roth, Direkt vum Lycée des Arts et Métiers:
"Bei eis am "Arts et Métiers" geet et méi drëms dem Schüler bäizebréngen, wéi se am beschte sollen dobaussen optrieden. An do hëllefe mir hinnen. Dat heescht mir hunn keng richteg Tenue vestimentaire, mee bei eis geet et drëms datt d`Schüler wësse mussen deemno wat se undinn ewéi ee Message se eraus ginn. Dat heescht zum Beispill: Mir schwätzen d`Leit un, Kleeder wou futti sinn oder extrem knaschteg. Da soe mir de Schüler, dass dat net esou gutt ass well, wa se duerno an e Virstellungsgespréich ginn an esou géingen optauchen, dat géing ee schlecht Bild vun hinne ginn."
An de Schoule si se net méi ganz esou streng ewéi dat villäicht nach fréier de Fall war. An ewéi ass et dann am Casino 2000 zu Munneref? Gëtt do nach op d`Tenue opgepasst? D`Cindy Neto, Responsabel vun den Automaten am Casino:
"Concernant la tenue vestimentaire des clients au Casino 2000, globalement il faut qu`elle soit propre et correcte. Sachant que les trous dans les jeans et les baskets sont de plus en plus visibles. Nous les tolérons, par contre les tenues qui ne sont pas autorisées chez nous: des shorts, des débardeurs, les joggins, les tongs et des vêtements avec des textes haineux."
Wou awer méi drop gekuckt gëtt, ass definitiv d`Sécherheetskleedung op der Aarbecht, nach méi ewéi soss. Zum Beispill: Sécherheets-Schong, Box oder Helm. Esou gesinn kéint ee bei den Handwierker also vun engem Dresscode schwätzen, well d`Kleeder ëmmer di nämmlecht an obligatoresch wärend der Aarbecht sinn.
Den Dresscode ass nach net ganz verschwonnen, mee vill vill méi large ginn, sinn se emol am private Beräich. An esou laang een sech dem Stil eenegermoossen upasst, net knaschteg oder mat ze vill futtisse Kleeder ronderëm leeft, huet ee fräi Hand.
Géint 20 op 11 gi mir da kucke wéi et mat der Tenue am Restaurant an och an der Disko, respektiv der Bar, ausgesäit.