IQ-Tester sinn e vill diskutéiert Thema an der Welt vun der Psychologie an der Educatioun. Där Tester fënnt een um Internet méi wéi genuch, mee déi wierklech gutt sinn rar.  Wéi engen Tester kann ee wierklech trauen a wat soe se iwwert eis aus?

30/03/2023 Wat moossen IQ-Tester a wat soen se aus?

Mat Intelligenztester soll een déi kognitiv Leeschtungsfäegkeet vun engem Mënsch moosse kënnen. Gemengerhand kann ee soen, datt en IQ tëscht 85 an 115 der Norm entsprécht. Wat déi Zuel awer genee ausseet, hu mir bei der Psychologin vum CEJHP, Isabelle Bourkel nogefrot.

"D'Resultater, déi bei engem IQ-Test erauskommen, erlaben et eng Persoun par Rapport zu enger Norm ze vergläichen, wéi zum Beispill hirem Alter. Esou geet d'Norméierung oft vu wäit ënnerduerchschnëttlech bis wäit iwwerduerchschnëttlech par Rapport zur Norm. Eng Zuel eleng seet allerdéngs wéineg aus. Et ass wichteg ze erwänen, datt et sech bäi engem IQ-Test just ëm eng Momentopnam handelt, déi e Lien mam aktuellen Zoustand vun der Persoun steet. Esou kann en IQ-Test duerch vill Faktore beaflosst ginn, ewéi zum Beispill Dagesform, d'Motivatioun awer och eventuell Diagnosen, wéi ADHS, Dyslexie, Autismus oder nach ganz vill aner Saachen. Dës Faktore fléisse mat an d'Interpretatioun vun de Resultater mat eran. Dofir ass et och esou wichteg, datt nëmmen eng qualifizéiert Persoun den Test duerchféiert."

An op wat muss een dann elo oppasse fir ee gudde vun engem schlechten Test ze ënnerscheeden?

Do ginn et e puer Saachen. E seriöen IQ-Test dauert normalerweis minimum ronn 20 Minutten, awer och gäre mol eng Stonn. Déi meescht IQ-Tester, déi een um Internet fënnt, dauere mol keng 5 Minutten. Mee net just d'Dauer vum Test spillt eng Roll.

"Et ass wichteg, datt et sech ëm standardiséiert a norméiert psychometresch Tester handelt. Am beschten Tester, déi esou rezent wéi méiglech norméiert sinn, déi um G-Faktor berouen. Ënnert dem G-Faktor versteet een an der psychologescher Intelligenzfuerschung den allgemengen Intelligenzfaktor. E gudden IQ-Test soll engem Informatiounen iwwert déi spezifesch kognitiv Fäegkeete kënne ginn, déi d'Intelligenz ausmaachen, wéi d'Sproochverständnis, d'visuellt raimlecht Denken, dat logescht Denken, d'Aarbechtsgediechtnes an d'Veraarbechtungsgeschwindegkeet. Et ass och ganz wichteg, datt den IQ-Test nëmme vun enger dofir qualifizéierter Persoun duerchgefouert an interpretéiert gëtt."

Déi Tester sollen engem also soen, wéi intelligent een ass. Mee wat versteet een iwwerhaapt genee ënner Intelligenz?

Eng kloer wëssenschaftlech Definitioun gëtt et bis ewell nach net. Generell, beschreift d’Intelligenz, d’Fäegkeet, kënnen an neie Situatiounen eens ze ginn oder Aufgaben duerch Denken ze léisen. Dat heescht awer net, datt wann een en héijen IQ huet, een automatesch gutt an der Schoul ass.

"De Begrëff staamt vum laténgesche Wuert "Intellegere" of a bedeit anzegesinn, ze verstoen oder ze begräifen. All Mënsch huet e gewëssent Potenzial, mee wéi een dat Potenzial ëmsetzt hänkt erëm vu ganz ville Faktoren of. Zum Beispill sozial, emotional, relational a kulturelle Faktoren."

Natierlech schued et näischt déi Tester um Internet ze maachen, mee op een Héichbegaabt ass, fënnt een doduerch net eraus. Dat ass een nämlech mat engem IQ vun 130 un.