
© pixabay
Lounen amplaz kafen... déi meescht vun iech wäerten elo wuel t'alleréischt un eng Wunneng denken. Dat ass awer nach laang net dat Eenzegt, wat een sech haut ausléine kann. Besonnesch Saachen, déi een net dacks brauch. Wann iwwerhaapt vertikutéiere Gaardefrënn nëmmen eemol am Joer hire Wues. Eng See, Heckeschéier, eng Buermaschinn fir deen neie Schaf opzehänken... net jiddereen huet déi Saachen am Haus ronderëm stoen oder direkt bei Hand.
Gewëssent Handwierksgeschier kommen nëmme bei Bedarf - an dat ass éischter seelen - an den Asaz. Deelen an och reparéieren ass den neien Trend a Richtung Nohaltegkeet, vun dohier fënnt een am Netz eng ganz Partie Foren a Plattformen, wou sech vill Saache liicht a séier fir eng Zäitchen ausléine kann, wéi Repair and Share vun der Superdreckskëscht zum Beispill, Anne Endres:
Dat schount zum engen eise Portmonni an zum aneren eis Ressourcen. Also eng klassesch win-win Situatioun. Mir hu Maschinnen an Haushaltsapparater, Gefierer an Unhänger, Kamera an Optik, medezinesch Hëllefsmëttel, Kosmetik a Wellness, Gaart a Planzen, elektronesch Geräter, Feier a Party, Sport, Spillsaachen, an Hobby, Musek an Instrumenter, Haus, Appartement, Miwwelen, Parzeläin, Textilien an Dekoratioun, Kleeder, Schong a Bijouen.
Net nëmme bei Repair & Share gëtt gefléckt oder ausgeléint, ma och op anere Platzen am Land, Conny Koob Pressespriecherin vun den Naturparken Uewersauer, Our a Mëllerdall:
Déi dräi Naturparken organiséiere reegelméisseg Repair-Caféen an de Regiounen a fir dat weider kënnen z'erméiglechen, brauchen a siche mer Leit, déi kënne Saache reparéieren. Dëst kënne ganz verschidde Beräicher sinn, dat geet vu klasseschen Elektro-Reparaturen iwwert Lächer an der Box, d.h. am Textilberäich, oder och fir Vëloen ze flécken, Schräiner- oder Gaardenaarbechten, mir si frou iwwert all Ënnerstëtzung.
Nieft deene ville flotten Offeren wou een sech Technik, Geschier a Co ausléine kann, vergësst een och séier wat direkt virun der Nues ass. Muss ee wierklech eng nei Méimaschinn kafen, oder kann ee vläicht eng beim Noper léinen? Vläicht géint en anert Gerät, oder eng kleng Opmierksamkeet? Wien en nohaltege Liewensstil ustrieft, sollt sech virun engem Kaf déi Fro vläicht méi dacks duerch de Kapp goe loossen.

© pixabay