
Warnstreik dës Woch a ganz Däitschland. Wien op Bunn oder Zuch ugewisen war, hat e grousse Problem well hei näischt gerullt ass. Permanent héiere mer och aus eisen aneren Nopeschlänner wéi Frankräich oder der Belsch dass se nees op d'Strooss ginn an vill Betriber bestreiken. Mä wéi ass dat iwwerhaapt bei eis am Land? Wien dierf streiken, wéini a wéi laang, a muss dat ugemellt ginn?
"Wat ganz wichteg ass, d'Streikrecht ass e verfassungsrechtlecht Recht. Den Artikel 11 seet ganz kloer, datt d'Gesetz garantéiert, datt d'Liberté syndicale an organiséiert och d'Streikrecht. Dat heescht d'Streikrecht ass duerch e Gesetz organiséiert. Do gëtt gereegelt, all Secteur soll seng "convention collective" hunn. Sou laang wéi eng "convention collective" en vigeur ass, ass e Streik am Fong verbueden. Dat nenne mir "obligation de trêve sociale". Dat heescht esou laang wéi déi "convention collective" besteet huet een am Prinzip net d'Recht ze streiken."
Wann een dann elo wëll streiken. Muss een dann sengem Patron Bescheed soen oder iwwerrascht een deen?
"Ech mengen dat ass, wann ech elo "illegal", dat heescht ausserhalb vun de Norme vum Gesetz streiken, da kéint de Patron mol soen, datt dat doten e motif grave wier, fir de Kontrakt opzeléisen. Mee do ginn et Prozeduren. Do muss een, wann een esou eng Aktioun well starten, muss een natierlech virdrun den Office national de conciliation saiséieren. Dann kuckt een, op een op e gréngen Zweig kënnt oder net. Oft ass et jo esou, well mer hei zu Lëtzebuerg jo awer deen Dialog social soignéieren, datt et net zu engem Streik kënnt. Also ech misst elo leien, datt ech géif wëssen, wéini fir d'lescht e Streik gewiescht wier."
Ass dat eng Urban Legend dass Staatsbeamten net streiken dierfen?
"Dat ass eng Urban Legend. Déi dierfe selbstverständlech och streiken. Do kann ech mech erënneren, virun 30 oder 40 Joer war e risege Streik vun de Staatsbeamten. Do hat ganz Lëtzebuerg, ech well net soe ganz Lëtzebuerg si Staatsbeamten oder Gemengebeamten, haten sech mobiliséiert an do ass och séier Beweegung an d'Spill komm. Also och déi hunn eng Prozedur. Déi mussen dat och umellen. Se hunn och en "délai de carence", dat heescht 10 Deeg virdrun. Se kënnen net soen, hei muer streike mer. Dat ass schonn alles regléiert. Ech mengen dat si jo awer och Mënschen, déi hir Rechter hunn. Also si mer rëm bäi de Mënscherechter."