Haut ass de Weltdag vum Backup an net all Mënsch kennt sech gutt genuch aus, fir e Backup richteg ze maachen. Elo sinn ënnert deenen Dateien awer och wichteg Erënnerungen, Fotoen oder aner Fichieren, déi ee sécher net verléiere wëll. Wéi mécht een et dann uerdentlech, fir seng Donnéeën richteg ze schützen, dass se och sécher net verluer ginn?

31/03/2023 Weltbackup-Dag

E Backup ass zum Gléck keng grouss Wëssenschaft. Et gi verschidde Methoden dofir an et brauch een och net wierklech vill Material, esou de Guido Nies vum Broadcasting Center Europe.
Guido Nies: De Minimum deen ee brauch ass en USB Stick oder en externen Disk, alternativ geet och Cloud Späicher. Et gi genuch Firmen, ouni Nimm ze nennen, déi deen och zur Verfügung stellen, deels fir näischt, deels géint Suen. Wichteg Dateie sollt ee reegelméisseg backupen, sortéiert no Datum an mat engem Dossier pro Backup. Et well een jo alles och zeréck fannen, wann een an de Fall kënnt, dorop zeréckgräifen ze mussen. Et ass och wichteg den externe Medium op enger sécherer Plaz opzehiewen.

Et muss een awer och op verschidde Saachen oppassen. E Feeler deen een evitéiere soll, ass z.B. de Backup net ze iwwerpréiwen.
Guido Nies: Et ass wichteg ze confirméieren, dass de Backup funktionéiert huet. Do hëlt een dann testweis eng Datei a liest se zeréck, et mécht een also e Restore Test. En anere Feeler ass, wann ee mierkt, dass ee wichteg Dateien net méi huet, dass ee sech dann drun erënnert, dass ee sech ëm de Backup këmmere wollt, mee nach keng Zäit dofir hat. An deem Fall bedeit dat dann dacks e Verloscht vun den Daten.

E Backup kann ee selwer maachen, mee et ginn och Programmer, déi déi Aarbecht fir een iwwerhuele kënnen. De Prozess kann also komplett automatiséiert ginn.
Guido Nies: Déi kënnen dann alles oder just den Ënnerscheed zum leschte Backup maachen, wat méi séier geet. Eng Alternativ vum Backup vun eenzelen Dateien ass den Image Backup, well hei gëtt den Disk komplett mam Betribssystem an allen Dateien op en externe Medium kopéiert. De Virdeel hei ass, datt ee näischt vergiesse kann a et kann ee souguer eenzel Dateien zeréckliese, wéi och de ganze System. Dat ass z.B. sënnvoll, wann den Harddisk muss ersat ginn. Nom Restore ass dann nees alles, wéi et virdru war. Och hei gëllt, dass et Imaging Software als Freeware gëtt, mee och fir ze kafen.

Do kann een da kucke, wéi een et léiwer mécht, ob selwer per Hand oder et vertraut een dem Computer.