
© pixabay.com
Haut ass den internationalen Dag vum Jongléieren. Dat ass gutt fir de Kapp an d'Gesondheet an et mëscht och nach Spaass bei Kleng a Grouss. D'Laura Lessyn huet sech fir dës Konscht interesséiert.
1980 huet een decidéiert dës Konscht mat engem internationalen Dag ze feieren. Mee di genee Geschicht iwwert d'Jongléieren weess den Expert op dësem Gebitt, de Marc Strasser:
"D'Jongléieren ass u sech 2.000 Joer al. Si hunn d'Zeechnungen am alen Ägypten un de Mauere fonnt, wou d'Frae sech d'Bäll gepasst hunn. An sou geet een dovunner aus, datt do den Ursprong vun der Jongléier-Konscht ebe komm ass, vu Fraen aus Ägypten."
Als Beweegungs-Konscht gehéiert d'Jongléiere ganz traditionell zu den Opféierungen am Zirkus. D'Konscht ass et fir ëmmer erëm Bäll, am Krees, an d'Loft ze schéissen a se nees opzefänken awer sou, datt wéinstens ëmmer ee vun de Bäll an der Loft ass. Et kann een d'Bäll och tëschent d'Been oder hannert de Réck schéissen. A wat nach Marc Strasser:
"D'Jongléiere kann een entweder mat Bäll maachen oder mat Keelen, Feierkeelen oder Fakele wéi och mat Réng. Wann een awer och wëll méi kreativ sinn, kann een och Handyen huelen, et kann ee réi oder gekachten Eeër huelen. Verschiddener jongléiere souguer mat Motorseeën, also der Kreativitéit sinn do keng Grenze gesat."
Wat fir eng Wierkung huet d'Jongléiere allgemeng op de Mënsch?
D'Jongléieren ass ganz gutt gëeegent fir di kierperlech a mental Gesondheet. Et stäerkt d'Fäegkeet sech ze konzentréieren, verbessert d'Reaktiounszäit an et kritt een och e bessert Gefill fir Rhythmus a Gläichgewiicht. Déi gläichméisseg Belaaschtung fir d'Muskelen erhéicht d'Mobilitéit an och d'Ausdauer.
Ouni datt et eis grouss opfält, jongléiere mir mat ville Saache fräiwëlleg am Liewen, ewéi zum Beispill mat eisem Privatliewen, eiser Aarbecht oder eise Pläng fir d'Zukunft. Fir dat alles ënnert een Hutt ze kréien ass ee quasi gezwongen ze jongléieren.

© pixabay.com
De Weltrekord läit iwwregens bei gläichzäiteg 14 Bäll ze jongléieren. Also ech si scho mat nëmmen 3 Bäll iwwerfuerdert.