
Dëse Weekend invitéiert de Schalltot Kollektiv mat enge sëllegen anere Partner an d' Kulturfabrik op den eenzegaartege Festival. Indie Fans ass dëse Festival sécherleche e Begrëff an hu sech den Datum sécher scho rout am Kalenner markéiert.
Den "Out of The Crowd" ass e Museksfestival, deen et zanter engen 20 Joer gëtt. Et ass awer net e Festival wéi all aneren. Si hu sech op dat spezialiséiert wat e bëssen eraus aus deem ass, wat scho bekannt an etabléiert ass. Si huele ganz frësch, jonk an net esou bekannte Formatiounen op d'Bün. Den Tom Karier vu Schalltot gëtt eis Detailer :
Dat si gréisstendeels Saachen, déi net op de grousse Medie virgestallt ginn. Dat wëllt awer net heeschen, dass se net "massekompatibel" sinn. Et ass net, dass et, well et ausserhalb vum Mainstream ass, dowéinst "indigest" wier oder total "niche". Mir sinn e Festival, deen op Decouverte aus ass.
D'Organisateure setzen drop, dass een net onbedéngt all Grupp am Lineup kennt, mee ee Saachen entdecke kann. Eventuell och esouguer eng nei Liiblingsgrupp. Um Programm dëst Joer steet eng Mëschung vun am ganzen 12 nationalen an internationale Formatiounen. Vu Lëtzebuerger Säit ass dëst Joer ënner anerem "Sheebaba" mat dobäi seet eis de Georges Goerens :
Sheebaba ass eng ganz spannend "Art-Rock / New Wave" Band. Zwee vun Natur aus ganz artistesch Mënschen an dat mierkt een och an hirem Museksprojet. Dee geet am Fong iwwert en traditionelle Museksprojet eraus, et ass och visuell, tëscht Performance a Musek. Et ass mat Sécherheet eng vun deene Bands, déi een zu Lëtzebuerg grad um Radar muss hunn.

Et kann een sech de Festival e bësse wéi eng "Sneak Preview" virstellen. E Festival mat Kënschtler, déi elo nach frësch sinn, mee muer potentiell grouss ginn.
Et geet e Samschden um 15h30 lass. Ab 16h00 Auer gëtt et dann Musek op d'Oueren, ëmmer ofwiesselend eng no der anerer op 2 Bünen. Esou kann een näischt verpassen. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt. Ech hunn dann och nach no engem ''Coup de coeur" bei engem vun der Organisatioun gefrot, den Nicolas Przeor seet dëst:
Je pense que le coup de coeur est différent pour tout le monde. Dan Deacon est un de mes artistes préférés. L'expérience live qu''il propose est juste incroyable. Si les gens sont chauds à participer, c'est sûr que tout le monde va bien s'amuser.
A fir déi, déi no de sëllegen Concerten nach net genuch hunn, geet et uschléissend niewendrun am Ratelach bis spéit an d'Nuecht weider.
Dëse Weekend, den "Out of the crowd" Festival zu Esch an der Kulturfabrik fir all déi Leit, déi Loscht hunn nei Saachen ze entdecken.