Haut ass d'Journée mondiale du médecin généraliste. An deem Kontext war den Tom Schlüter de Moien op Besuch vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Assistenzdokteren. Hien huet hiren Aktiounsdag de Mëtteg op der Place d'Armes presentéiert.

19/05/2023 Journée Mondiale du médecin généraliste

Dëse Weltdag vum Generalist gëtt vun der World Organization of Family Doctors organiséiert. Nodeems dësen Dag fir d’lescht 2019 zu Lëtzebuerg organiséiert gouf, gëtt dësen 2023 vun eiser Organisatioun, der Vertriedung vun de Lëtzebuergeschen Assistenzdokteschen an -dokteren (ALMEVS a.s.b.l.), iwwerholl. Dëst ass eng Associatioun, déi sech aus jonke Medezinner zesummesetzt, déi d'Studium ofgeschloss hunn an aktuell hir Spezialisatioun maachen (sief et an der Médecine générale, sief et an enger aner Spezialisatioun). Een dovunner ass den Tom Schlüter.
Dësen Dag dréint sech ëm d'Preventioun an d'Wichtegkeet an der Médecine générale a Kooperatioun mat verschiddenen Acteure wéi der Direction de la santé (Centre de coordination des programmes de dépistage des cancers), ALEM a.s.b.l. (Medezinstudentinnen a studenten), Blëtz a.s.b.l. (Betraffener vun engem Hireschlag), Luxembourg Resuscitatioun Council, Fédécation Luxembourgeoise des Associations de Sport de Santé (FLASS) an d’Ligue lux. pour l'hygiène mentale.