
© default
Thema Vëlo ass de Moien bei eis am Programm. Lo fiert een mat Promill um Vëlo, dann lauschtert een Musek mat Kopfhörer an et fiert een mat 50 km/h duerch eng d'20er Zone. Wat ass iwwerhaapt alles mam Vëlo erlaabt, a wat net? An kann een de Fürerschäin verléieren um Vëlo? D'Laura Lessyn ass nees hei an huet Äntwerten gesammelt.
Wann een mam Auto fiert, weess een dacks wat genee erlaabt ass a wat eben net. Um Vëlo ass dat net ëmmer ganz kloer; dofir kucken mir zesummen iwwert deen een oder aneren Punkt.
Da fänken mir mam éischten Punkt un: Alkoholiséiert op de Vëlo klammen, jo oder nee?
Dat kann deier ginn a seng Konsequenzen hunn. Sech ënnert Alkoholafloss net hannert d’Steierrad ze setzen, ass jo eng gutt Saach. Dann awer op de Vëlo zeréckzegräifen, ass net onbedéngt déi bescht Léisung. Et setzt een net nëmmen seng Gesondheet op d’Spill, mee och säi Fürerschäin.
Gëtt een ënnert Alkoholafloss um Vëlo erwëscht, kann een nämlech genausou wéi mam Auto Punkte verléieren. Deemno wéi vill Promill den Alkoholtest uweist, kann een de Fürerschäi souguer ofgeholl kréien. Dat läit un der Formulatioun am Code de la Route. Hei gëtt nämlech allgemeng vum "Fuerer vun engem Gefier" geschwat. Et gëtt net ënnerscheet tëschent motoriséierte Gefierer a Gefierer ouni Motor. An engem weideren Artikel vum Code de la Route steet souguer geschriwwen, datt e Fuerverbuet fir Vëlosfuerer virgesinn ass. Dat ass awer éischter reng theoretesch.
Och wann ee säi Fürerschäi wéinst sengem Fuerverhalen um Vëlo verluer huet, dierf een duerno weider mam Vëlo fueren. Heivir brauch ee jo kee Fürerschäin.
Dierf een da mam Vëlo méi séier fueren?
De Cyclist muss sech op der Strooss un d’Vitesslimitatiounen halen. Deemno kann et och geschéien, dass e Cyclist en Delit de grande vitesse mécht. Zum Beispill wann de Vëlosfuerer an enger 20er Zone mat 50 Kilometer d’Stonn ënnerwee ass. Och hei ass d’Formulatioun am Code de la Route de Grond. Et gëtt nämlech rëm net tëscht de verschiddene Gefierer ënnerscheet.
Natierlech ass et mam Vëlo méi schwiereg, erwëscht ze ginn. De mobille Radar brauch ee jo net fäerten, well een ouni Nummereschëld schwéier ze identifizéieren ass. Trëfft een dann op der Plaz op eng Policepatrull, kann et awer mol deier ginn. Wéi eng Strof de Cyclist an esou engem Fall genau erwaart, muss awer viru Geriicht entscheet ginn.
Wéi gesäit et mat Musek lauschteren aus um Vëlo mat Kopfhörer?
Wat d'Droe vu Kopfhörer ugeet, gëtt am Code de la Route net tëscht motoriséierten an net-motoriséierte Gefierer ënnerscheet. D’Kopfhörer si wärend dem Fueren net erlaabt. Egal ob een hannert dem Steier setzt, um Motorrad oder um Vëlo. Am Auto ass dat jo dann net sou problematesch. Radio lauschteren oder per Fräispriechanlag telefonéieren ass jo erlaabt. Um Vëlo gëtt déi Geschicht da méi komplizéiert. Et huet een da besser op d’Musek ze verzichten. Kopfhörer verhënneren nämlech, datt een d’Geräischer vum Stroosseverkéier gutt matkritt. Sou kéint een zum Beispill d’Ambulanz, déi mat de Sireenen op sech opmierksam mécht, net héieren.
Vëlo op der Strooss trotz Vëloswee, dierf de Vëlosfuerer op der Strooss fueren trotz Vëloswee?
A Priori gëllt: Wann op der Strooss eng Spuer speziell fir d’Vëlosfuerer virgesinn ass, muss de Cyclist dës Piste och notzen. Et ginn awer Ausnamen: Ass d’Vëlosspuer iwwerfëllt oder et kënnt een net dohinner, wéinst engem Chantier oder Autoen, déi de Wee blockéieren, dierf de Cyclist um normale Stroosseverkéier deelhuelen. Am Code de la Route ass awer preziséiert, datt d’Cycliste sech dann och un d’Verkéiersreegelen hale mussen.
Zum Schluss nach emol widderholl, datt den Helm um Vëlo bis haut nach net obligatoresch ass, ma gëtt vun der Police awer staark recommandéiert. Well wann et zu engem Accident géing kommen oder den Cycliste aus ewéi engem Grond och ëmmer vum Vëlo fält, dann ass de Kapp mam homologéierte Helm definitiv besser geschützt.

© default
Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul: Dës Aktioun leeft nach bis den 31. Juli 2023.
Dës Sensibiliséierungscampagne, déi sech méi op Participatioun ewéi op d'Leeschtung konzentréiert, soll den individuellen Asaz vum Auto zugonschte vum Vëlo reduzéieren. Wärend dëser Aktioun kënnt Dir sécherlech verschidde Transportmëttelen notzen a kombinéieren. An och nëmmen een Deel vun der Streck mam Vëlo fueren. All Informatioun fann Dir op eisem Site ënner Radio.rtl.lu
[https://www.mvos.lu/de/]
No 12 Auer geet et dann ëm d'Equipement um Vëlo.