
© pixabay.com
Wat maachen wann een just nach d'Iwwerreschter vu sengem Vëlo oder d'Schlass mat deem de Vëlo ugestréckt war do gesäit leien? Dofir di éischt Fro un de Marc Ragnacci vun der Police; wéi soll ee sech am beschte verhalen?
"Natierlech, wann de Vëlo geklaut ginn ass an et stellt een dat fest, da soll een sou schnell ewéi méiglech der Police Bescheed soen. Mir roden och dofir är Donnéeë vum Vëlo am beschte Fall um Handy ze hunn. Mir hunn eng Police-APP, wou een déi Saache kann ofspäicheren, dat heescht zum Beispill Fotoen, d`Rechnung an d`Seriennummer vum Vëlo. Wann een dës Saachen dobäi huet, da kann een natierlech bei der Police "Plainte" féieren an da kann een di néideg Schrëtt an d`Weeër leeden. Et gëtt natierlech schwéier fir e Vëlo erëm ze fannen, wann een elo net direkt Zeien huet. Mir hu Verdächteger gesinn oder eng Autosplack, wou mir als Police direkt kënnen Ermëttlungen aleeden, da gëtt et an der Reegel schwéier de Vëlo nees erëm ze fannen."
Ginn et da genee Zuele wéi vill Vëloen zu Lëtzebuerg geklaut ginn?
Ma di aktuell Zuele vum Joer 2022 huet d'Police rezent kritt. D'Leescht Joer sinn insgesamt 1004 Vëloen geklaut ginn am Joer 2018 waren et der nach 468 also eng Tendenz no uewen. Den Marc verréit eis d'Zuelen aus de Joren 2019 ewéi 2021.
"Et muss een elo virun der Corona Krise kucken. 2019 hate mir 517 Vëloen déi geklaut gi sinn. Am Joer 2021 waren et der 987."
Definitiv eng Tendenz no uewen, mee wéi eng Moossname kann een dann huelen, fir datt een awer villäicht net grad ënnert deenen éischten ass déi de Vëlo geklaut kréien?
"Et ass emol ganz wichteg datt de Vëlo ugestréckt gëtt, an och richteg. Dat heescht mam viischte Rad a mam Kader un engem feste Stänner. Oder un engem feste Géigestand ewéi zum Beispill ee Luuchtepotto. De Vëlo soll ugestréckt gi mat engem anstännege Schlass, do gëtt et vu bis. Ob dat elo ee Ketteschlass ass oder ee Bigelschlass. Et soll een och e gewëssene Budget ausgi fir eben de Vëlo ze sécheren. Do ginn et nach aner Méiglechkeeten ewéi zum Beispill GSM Tracker oder ee GPS wou ech kann op de Vëlo maache fir en eben ze lokaliséieren iwwert eng Handy-App, dat wier och eng Méiglechkeet."
Daachen dës GSM Tracker iwwerhaapt eppes? Kann ee soen datt d'Vëloen déi geklaut ginn nees duerch dëse Tracker erëmfonnt ginn?
"Erfarungen hu mir elo net all ze vill wat di GSM Tracker genee bréngen oder wéi d`Resultat ass, ob mir do Vëloen zeréck kréien oder net. Ech si selwer an enger Testphase wou ech zwee Systemer aktuell op eisen E-Biken testen, dat ass eemol e GPS-System deen am Motoblock agebaut ass. Wann een de Vëlo beweegt da gëtt och een Alarm ausgeléist. Et ginn awer och esou Tracker vun Apple wou een op de Vëlo ka fixéieren, sief et ënner de Suedel oder um Bidongshalter. Sou Méiglechkeete ginn et fir effektiv d'Saachen ze installéieren. Do hu mir wéi gesot nach keng Erfarungswäerter. D'Zukunft weist eis do wat di Saache bréngen."
Et ass awer ni schlecht sech zu 100% ofzesécheren, sou huet ee vu senger Säit aus alles gemaach.
All Info Punkto Ausstattung an zousätzlech Informatiounen zu dësem Sujet ewéi och all di aner Reportagen vum Vëlo fann Dir och op Radio.rtl.lu
Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul: Dës Aktioun leeft nach bis den 31ten Juli 2023.
Dës Sensibiliséierungscampagne, déi sech méi op Participatioun ewéi op d'Leeschtung konzentréiert, soll den individuellen Asaz vum Auto zugonschte vum Vëlo reduzéieren. Wärend dëser Aktioun kënnt Dir sécherlech verschidde Transportmëttelen notzen a kombinéieren. An och nëmmen een Deel vun der Streck mam Vëlo fueren. All Informatioun fannt Dir och do op eisem Site.
https://police.public.lu/dam-assets/fr/publications/2021/conduite-en-toute-securite-bilingue.pdf