
© Pixabay.com
Mir sinn nach ëmmer beim Vëlo, ma dës Kéier geet et ëm den Ekipement vum Vëlo, wéi och d'Ausstattung vum Cyclist. Dofir ass d'Laura Lessyn bei mir. Du hues all néideg Informatiounen zesummegesicht.
Gesinn a gesi ginn - dat ass vu grousser Bedeitung fir d'Verkéierssécherheet am Stroosseverkéier. Fir d'Cyclisten, déi sécher op der Strooss wëllen ënnerwee sinn, wier et vu Virdeel, datt de Vëlo de Reglementer entsprécht. Do ginn et insgesamt 7 Punkten an iwwert déi kucke mir elo:
Dës Saache muss een onbedéngt um Vëlo hunn:
1. Eng Schell
2. Zwou Bremsen, déi onofhängeg vunenee funktionéieren
3. Vir: Eng wäiss oder giel Luucht
4. Zwee giel oder wäiss Reflektere respektiv duerchgoend reflektéiert Sträifen un de Speechele vu béide Pneuen
5. Giel oder wäiss Reflekteren u béide Pedallen
6. Hannen: e roude Reflekter
a 7. Hannen: eng rout Luucht

© Police Lëtzebuerg
Wann de Vëlo net komplett ekipéiert ass, riskéiert de Cyclist eng Strof vun 49 bis zu 74 Euro.
Bei de Coursevëloe ginn et allerdéngs Exceptiounen.
Laura, Gezei um Vëlo, wéi ass et dann elo domadder?
De RTL Vëlosexpert Tom Flammang seet, datt een dat net verallgemengere ka wann een elo Velo fiert.
"Dat ass ganz verschidden. Dat hänkt och dovunner of, firwat benotzen ech genee mäi Vëlo? Wa mir elo vum E-Bike schwätzen, deen elo ganz ganz am Trend ass. Dann ass dat éischter ee Vëlo, fir villäicht op d'Schaff ze fueren. Do deet een natierlech eng ganz aner Kleedung u wéi wann een elo méi sportlech ënnerwee ass. Ee Rot kann ech awer weiderginn: Am beschte sech ëmmer dem Wierder ugepasst undoen. Do ginn et eng jett Saachen, wou een an de Butteker fënnt. Zum Beispill eng Jackett wou waasserdicht ass, déi trotzdeem och eng gewësse Loftzirkulatioun och zouléisst, datt een eben net plätschnaass duerno geschweesst ass. Net ze waarm awer och net ze kal sech undoen, beim Fortfueren déi éischt 5 bis 10 Minutte kann et engem roueg e bësselche kal sinn an doduerch, well een a Beweegung ass, da gëtt et engem mat der Zäit och nees méi waarm. Mee d'Auswiel ass grouss an et gi genuch Marken, déi allerlee ubidden."
Laut Code de la Route ass den Helm fir d'Cyclisten net obligatoresch, awer ferm ze rëmkommandéieren. Nach emol den Tom Flammang:
"Dat wichtegst ass emol, datt een en Helm unhuet. Och do ginn et grouss Differenzen: wann een elo ee Sportler hëlt, dee wëll am léifste méi ee liichten Helm, dee wëll och am léifsten, datt genuch Loft an den Helm kënnt. Wann een awer elo nees an den normale Gebrauch eriwwer geet, do kann ee sech och eppes huelen, wou een eng Visière huet, datt engem de Wand net esou an d'Gesiicht bléist ewéi och an d'Aen. Dann och villäicht een Helm, wou een eng kleng Luucht mat integréiert huet, wat d'Sécherheet och méi ënnerstëtzt, déi och beim schlechte Wieder ugemaach ka ginn. De Präis vun esou Helmer geet och vu bis. D'Auswiel ass hei och immens grouss an do muss jidderee fir sech decidéieren, wat e genee wëll a seng Sécherheet investéieren."
An zum Schluss, wat seet den Tom de Leit, fir op de Goût vum Vëlo ze kommen?
"De Vëlo ass eppes fir all Mënsch, wou ee sech och dru ka gewinnen. Et mécht och Spaass, et ass gesond an et schount och d'Gelenker. De Vëlo kann een och bis an den héijen Alter maachen, soulaang ee sech fit genuch dofir fillt. An et kann ee sech d'Belaaschtung och esou andeele wéi ee wëll."
Ech denken domadder ass alles gesot.

© pixabay.com
Déi genee Beschreiwung vum obligatoreschen Ekipement vum Vëlo fannt Dir och op Radio.rtl.lu
[https://police.public.lu/de/prevention/securite-routiere/conseils-securite-usagers-de-la-route/cyclistes.html]