
© Sandy Moschetti, ADEM
Wann ee seng Aarbechtsplaz verléiert oder aus diverse Grënn verléisst, dann ass et net dacks net sou einfach eng nei ze fannen. Wann een dobäi nach handicapéiert ass oder seng Aarbecht aus gesondheetleche Grënn net méi ausübe kann, dann ass et nach méi schwéier. Meeschtens sicht een do zimmlech laang.
A genee aus deem Grond huet d'Adem, zesumme mam Aarbechtsministère an der Gemeng Diddeleng, leschte Freideg op déi 1. Editioun vun engem Jobdag fir Leit mat engem Handicap oder am Reclassement professionnel invitéiert. Iwwert 20 Patrone ware present an hunn hier fräi Plazen affichéiert. Dass si bei dësem Jobdag op Leit géingen treffen, déi entweder en Handicap hätten oder am Reklassement wieren, war hinne bekannt. An eng Rei Employeure wiere sech mëttlerweil dann och bewosst, dass Diversitéit an enger Ekipp wichteg wier, Isabelle Schlesser, Directrice vun der Adem:
"Ganz vill Etüde weisen och, dass wann een Ekippen huet déi divers sinn, da sinn déi Ekippe vill méi motivéiert an zemools vill méi kreativ an innovativ. En anert Argument ass natierlech och, dass mir gesinn, dass Leit mat Handicap oder mat Reklassement et oft schwiereg hunn eng Aarbecht ze fannen. A wa si dann eng fannen, da sinn dat Mataarbechter déi hirem Patron géigeniwwer ganz loyal an trei sinn."
Dacks kann eng Persoun mat Handicap d'Aarbecht net genee sou séier erleedege wéi eng gesond Persoun, ma do kann de Patron sech awer hëllefen:
"Wann dat eng Persoun ass, déi en Handicap huet oder och am Reklassement ass, dann ass dat oft, dass et net eent zu eent passt an da muss een ufänken e bëssi méi kreativ ze ginn. An da muss ee kucken "gutt, ech hat elo als Employeur eng gewësse Funktioun am Kapp, wat déi Persoun soll maachen. Déi Persoun déi ech elo do awer gesinn, déi ka vläicht net all dat matenaner maachen. Da muss ech dat vläicht e bëssi op spliten a verschidden Deeltâchen där Persoun ginn an aner Tâche vläicht anescht am Team opdeelen. Mir kënnen och dobäi hëllefen, mir hunn notamment eng Mesure déi nennt sech "assistant à l'inclusion" an do kréien d'Entreprise wierklech mat engem Beroder gehollef fir ze kucke "wéi kënne mir da verschidde Saachen opdeele fir dass et passt?".

© Sandy Moschetti, ADEM
Dat ass elo just eng vun deene ville Mesuren déi sou wuel fir d'Patrone wéi och fir d'Employéeën ugebuede ginn. Aktuell sinn hei zu Lëtzebuerg am Ganze 4300 Leit mat Handicap oder am Reklassement bei der Adem ageschriwwen, dovunner 2600 Leit déi hei zu Lëtzebuerg wunnen. Fir dass sech déi Situatioun ännert an och méi Leit mat gesondheetleche Problemer eng Aarbecht fannen, huet d'Directrice vun der Adem e Wonsch
"Ech géing mir ëmmer wënschen, dass wann den Employeur de Kandidat viru sech sëtzen huet, dass en net als éischt iwwerleet wat déi Persoun net kann, mee dass den Employeur sech seet "wat kann déi Persoun?" Ech mengen, da wiere mir scho vill méi wäit wa mir ëmmer fir d'éischt d'Stäerkte géinge kucke vun de Leit an net als éischt d'Schwächten. An dat ass natierlech, wann een elo seet "mir maachen eng Journée fir Handicap a fir Reklassement, da wëssen d'Employeure jo, dass dat Leit mat Restriktioune sinn. Jo, dat si Leit mat gesondheetleche Restriktiounen, mee mat ganz ville Kompetenzen a komm mir kucke fir d'éischt dorobber."
Et sief dann och drun erënnert, dass jidderee sech bei der Adem aschreiwe kann, ob mat oder ouni Handicap, an dat och wann een aktuell fir e Patron schafft an zum Beispill entweder drun denkt d'Aarbecht ze wiesselen oder aus gesondheetleche Grënn senger Aarbecht net méi nogoe kann an deemno well reklasséiert ginn.
"Mir setzen am Moment jo ganz staark op d'Kompetenzen, kucken, dass een nei Kompetenzen och kritt wärend där Zäit wou ee bei eis ageschriwwen ass, an dat gëllt besonnesch fir Leit am Reklassement, well et jo do "par définition" esou ass, dass si mussen eppes anescht maachen. Net méi dat wat si hiert Liewe laang gemaach hunn an do ass d'Formatioun déi eenzeg Léisung."
An deem Kontext erënnere mer dann och nach eng Kéier un den RTL Jobdag deen dësen Donneschdeg an der Belle Etoile ass.