Enn Abrëll ware 15.330 Leit op der Sich no enger Aarbecht, sou d’Adem an de Statec gëschter Moien. RTL an d'adem versichen en Donneschdeg do dergéint ze steieren an de Leit déi de Moment am Chômage sinn Hoffnung ze maachen. Eleng 8.000 fräi Plazen gëtt et aktuell op eisem Site jobdag.lu, an en Donneschdeg wäerten sech eng 80 Patronen um groussen RTL-Jobdag an der Belle Etoile mat hire fräien Plazen presentéieren. Eng grouss Chance fir d'Nancy, d'Fabienne, d'Isabelle an d'Cynthia déi am Moment op gutt Nouvelle warden.

23-05-2023 RTL Jobdag: 4 Kandidatinnen op der Sich nom Job vum Liewen

Wann dir een vun dësen 4, als Patron ënnerstëtze wëllt, hiren Audio-CV fann der op jobdag.lu. Do fann der de Moment awer och schonn bal 8.000 fräi Aarbechtsplazen.
De groussen RTL Jobdag zesummen mat der adem an 80 Patronen ass en Donneschdeg tëscht moies 8 an owes 18h00, dofir vergiesst ären CV net, well et ass déi Mega-Chance eng nei Schaff ze fannen.