
© pixabay
Fir gesond a fit ze bleiwe, brauch de Kierper genuch vun alle Vitaminnen. Déi meescht ginn iwwer d'Iessen opgeholl anerer produzéiert de Kierper selwer. Et ass schwiereg e Referenzberäich fir Vitaminne festzeleeën, well wéi vill ee vun engem bestëmmte Vitaminn brauch, hänkt vun etleche Facteuren of.
Dozou zielen: Alter, Geschlecht, Schwangerschaft oder Stëllzäit, Stress an Erkrankungen. Genee esou wéi de Kierper Mineralstoffer mam Iessen ophëlt, liwweren d'Vitaminnen zwar keng Energie, ma si erfëllen awer wichteg Aufgaben an ouni si, wäre mer weder Leeschtungs- nach Liewensfäeg. De Generalist Dr. Nico Haas:
Vitaminnen ass, wéi d'Wuert et scho seet, aus dem Laténgeschen Vita - Liewen an Amin aus dem engleschen, dat si Substanzen, déi brauch de Kierper fir iwwerhaapt ze liewen, fir ze wuessen a fir verschidde Saachen ze steieren an et ass noutwenneg, dass mer déi zou eis huelen.
Ganz vill Erwuessener gräifen all Dag zu engem Nahrungsergänzungsmëttel, muncher méi wéi eng Dosis. Esou Mëttel zielen zu de Liewensmëttel, net zu Medikamenter, sinn awer an deene meeschte Fäll, wann een sech mat vill Uebst a Geméis gesond erniert, iwwerflësseg. De Vitaminn D behält eng extra Positioun, dee kann nämlech esouwuel iwwer d'Iesse, wéi och vum Mënsch selwer opgebaut ginn an dofir brauche mer d'Sonn, fir dat un d'Rullen ze bréngen.
Andeems een d'Virärm an de Kapp fräi huet, andeems dass do d'Sonn dru kënnt, dat geet duer fir genuch Vitaminn D ze produzéieren, am Summer. Am Wanter ass et natierlech eng aner Saach, well mir do an eise Géigenden net genuch Sonn hunn. Ma wéi gesot, Virärm a Gesicht geet duer, fir dass de Kierper dat produzéiert a wann een sech mat engem Sonnefilter areift, fir sech an d'Sonn ze leeën, ass dat eppes anescht, wéi wann een duerch d'Sonn geet, dass déi mat Momenter eise Kierper bestraalt an dann hëlleft Vitaminn D ze funktionéieren.
Den Dr. Haas recommandéiert just deene Leit en Zousaz ze huelen, déi méi Vitaminne brauchen, Leit déi Regimmer maachen, Medikamenter huelen oder déi Krankheeten hunn, well do verschidde Saachen net resorbéiert ginn :
Jo, warscheinlech an eise Géigenden ass net genuch Sonn, esou kann een dann e bësse Vitaminn D, dat muss een da reegelméisseg maachen, oder zweemol am Mount, do streiden sech d'Geeschter nach. Wat fir eng Dosis ass och relativ schwéier ze soen. Am Prinzip kann een et esou consideréieren wéi wann et en Tank vun engem Auto wär a wann do genuch Bensinn dran ass, da fiert en, wann net, da bleift e stoen, et soll een also doropper oppassen.
Et ass och hei wéi bei allem d'Dosis déi d'Gëft mécht an de Vitaminn D an A sollten och net iwwerdoséiert ginn well dat kontraproduktiv wierkt. Dir fannt en awer zum Beispill och am Fëschueleg, Gouda, Hierken an Eegiel. Och Pfifferlingen a Morillë steieren eppes zum Vitaminn D Haushalt bäi, déi gréisste Quell ass a bleift awer d'Sonn.

© pixabay