
© afp
Fir déi 76. Kéier invitéiert Cannes op den internationale Filmfestival. International ass e gutt Stéchwuert, well mam Iris Knobloch gëtt de Festival net nëmme vun enger Fra, ma en plus enger Fra déi net aus Frankräich kënnt, presidéiert. International awer och well ënner anerem Lëtzebuerg mat 4 Koproduktioune vertrueden ass, déi an Tëschenzäit och vun der nationaler Press gesi goufen.
Kee Cannes ouni den Joy Hoffmann, de Festival ass gutt iwwert d'Halschecht ewech, an du hues elo déi véier Lëtzebuerger Koproduktiounen déi selektionéiert goufen, gesinn. Wat fir e Bilan zitts de do.
Fänke mer un mat deenen zwee Filmer, déi an den zwou Haaptsektiounen vum Festival gewise goufen, also an der Haaptkompetitioun an am "Certain Regard". JEUNESSE vum chineeseschen Realisateur Wang Bing, deen an der Kompetitioun ass fir d'Palme d'Or, ass en impressionante Film, deen e China weist, wéi mer et ons wuel net esou virstellen. Keng strukturéiert an dirigéiert kommunistesch Plangwirtschaft, mee wëllen inhumane Kapitalismus. Jugendlecher aus der Provënz kommen an sëllege, éischter klengen an handwierklech organiséierten Textilatelieren an der Géigend vu Shanghai schaffen a wunnen. Alles ass primitiv, knaschteg, schlecht bezuelt, total ausbeuteresch, mat awer Luxusautoen virun den Ateliersdieren. Mir gesinn de frenetesche Aarbechts Rhythmus vun de Jonken hannert de Bitzmaschinnen, déi Kleedungsstécker no an no zesumme setzen. Et gëtt op d'Stéck bezuelt, a keng Gewerkschaften. All dëst weist de Wang Bing op magistral Aart a Weis wärend......jo, ganzer 3 an enge hallwer Stonn. No 2 Stonnen allerdéngs ass eigentlech alles gesot a gewisen iwwert d'Liewen vun dësem chineeseschen Lumpeproletariat. Duerno ass alles leider nëmme nach Repetitioun.
LOS DELINCUENTES vum Argentinier Rodrigo Moreno an der Sektioun "Un Certain Regard", ass d'Geschicht vun zwee Bankbeamten déi aus hirem monotone Liewen ausbrieche wëllen, an eng nei Fräiheet ustriewen. Deen een stielt d'Suen aus dem Koffer Fort a geet dofir, wéi geplangt an de Prisong, wärend deen aneren d'Suen verstoppt a versuergt. Spéider sollen se dann allebéid dovun profitéieren. Domat sinn hir Schicksaler enk matenee verbonnen, wat de Film och spannend mécht. Ass de Kolleeg clever genuch fir sech vis à vis vun den Enquêteuren ze behaapten, an éierlech genuch fir dass se herno, déi schwéier erkämpften Fräiheet genéisse kënnen? De Film ka mat sengen rouege Rhythmus a sengen formal schéine Biller iwwerzeegen, ass awer mat sengen zwou an enger hallwer Stonn och e Krack ze laang.
Oh jee Joy. Ech hoffen, datt dir awer net nëmmen där extrem laanger Filmer hutt misse kucken.
Et gouf an der offizieller Selektioun e puer weider extrem laang Filmer, mee di zwou aner Lëtzebuerger Koproduktiounen, haten allebéid eng normal Längt,..fir dech ze berouegen. Den ausgefalensten a kontroverséierte Film vun deenen véier, ass sécherlech CONANN vum Fransous Bertrand Mandico, deen an der Niewesektioun "La Quinzaine des Cineastes" gewise gouf. A fënnef Epochen an Dekaden, vun der Barbarenhord aus dem Schwarzeneggerfiln "Conan le barbare", iwwer New York bis an déi haiteg elitär Kulturzeen, weist de Film wéi d'Conann sech ëmmer nees mutéiert an nei Formen vu Barbarei. Ouni klassesch narrativ Struktur, mat vill Referenzen op weider aner Filmer, zum Beispill vum David Cronenberg oder Francis Ford Coppola, schaaft de Mandico eng artifiziell Dramwelt, quasi exklusiv a schwaarz wäisse Biller, an total originell, déi allerdéngs vum Spectateur d' Bereetschaft viraussetzt sech op eng ongewinnt Kino Experienz anzeloossen.
"LOST COUNTRY", iwwert eng Mamm-Jong Relatioun, déi sech an de 90er Joren zur Zäit vum Milsosevic a Serbien ofspillt, gouf an der Niewesektioun "La Semaine de la Critique" gewisen. Et ass wuel a Form an Inhalt dee klasseschsten an abordabelste Film vun de 4 Lëtzebuerger Koproduktiounen. Et geet am Film ëm e Bouf, deen no an no entdeckt, dass seng Mamm Komplizin ass vum Milosevic sengem Walbedruch an der Violenz vu sengem Regime. E fillt sech hin an hir gerappt tëschent der Léift zu senger Mamm an der Loyautéit zu senge Frënn, déi sech géint de Regime wieren. LOST COUNTRY ass e staarken, emouvante Melodrama, gekoppelt mat enger politescher Kritik um brutalen Milosevic Regime.
Mengs de dann et géif bei deene ville Lëtzebuerger Filmer eng Chance op e Präis'
Et gi Präisser an allen Sektiounen, an d'Filmer sinn och all gutt bei der Kritik ukomm, sou, dass et duerchaus méiglech ass, dass villäicht deen een oder anere Präis kéint dobäi eraussprangen. Dat gi mer dann no a no, Enn der Woch gewuer. Et gëtt awer och nach e fënnefte Film hei zu Cannes mat Lëtzebuerger Präsens. D'Marie Jung spillt op der Säit vum bekannte franséischen Acteur Guillaume Canet am Katastrophefilm ACIDE vum Just Philippot, deen um Festival als Mëtternuechtséance selektionéiert war.

Wéi si zu dëser Roll komm ass, a wéi de Casting verlaf ass, hu mer D'Marie Jung um Lëtzebuerger Stand gefrot.
De Film ACIDE vum Just Philippot weist wéi a verschiddene Familljen d'Leit drop reagéieren, wann se duerch eng Naturkatastrophe, an dësem Fall ass et sauere Reen, aus hiren alldeegleche Gewunnechten erausgerappt ginn.