
© pixabay.com
Dat kënnt deem een oder anere bestëmmt bekannt vir: et huet ee knapps en Ae zou fir ze schlofen a schonn héiert ee se, eng Mustik. Fir dat Gedéiesch ze fänken ass en Challenge fir sech. Mee sinn d'Mustiken hei zu Lëtzebuerg iwwerhaapt geféierlech? A wat kann een dogéint ënnerhuele fir net, oder net vill, gepickt ze ginn? D'Laura Lessyn huet bei Natur an Ëmwelt nogefrot.
Hei zu Lëtzebuerg hu mir 28 verschidden Zorte Mustiken. Dovunner sinn der 5 nach relativ nei am Land. Gëtt et eng bestëmmten Zort Mustik, déi geféierlech fir de Mënsch ka ginn? D'Lieke Mevis, Beroderin vu Natur an Ëmwelt:
"Effektiv et ass ee bekannte Problem, datt eben duerch d`Klimaerwiermung eng ganz Rei Mustik-Aarten, déi soss net hei am Land heemesch ware sech elo lues a lues am Norde méi verbreeden. Et ass awer och sou, datt d`Santé ewéi och den Ëmweltministère dat ganz genee am Ae behalen, dat heescht, déi passe schonn dorobber op. An tatsächlech ass d'lescht Joer d'Tigermustik hei zu Lëtzebuerg nogewise ginn. An zwar genee zu Réiser. An dës Tigermustik kann effektiv Krankheeten iwwerdroen, ewéi Zika oder den Dengue-Virus. Mee bei deenen Exemplairë wou se hei zu Lëtzebuerg fonnt hunn war keng dobäi wou ee Krankheetserreeger a sech hat. A se sinn duerno och direkt ewech gemaach gi wou se waren."

© pixabay.com
Firwat heescht dës Mustik Tigermustik?
Se huet e schwaarze Kierper mat wäisse Sträifen. Eng Foto fannt dir bei eis um Site. Wéi kann ee sech da schütze fir dat d'Mustiken am beschten einfach guer net bei ee kommen?
"Am allgemengen, wat gutt ass, wann ee bei sech am Haus an de Fënsteren, virun allem an de Schlofkummere Mustiquären installéiert, fir datt se eben net an d`Haus erakommen. Wann een dës Méiglechkeeten net huet, eventuell ënnert engem Mosquito-Netz schlofen, dat ass och méi präiswäert. An et kritt een och Produiten op Basis vu Citronelle ze kafen oder ätheresch Ueleger di ganz einfach den eegene Kierper Geroch iwwerspillen. De But ass eben, dat d`Mustiken e bësse manner un ee kommen. Et ass awer kee Wonnermëttel mee et kann hëllefen."
Wat och nach hëllefe kann; verhënneren datt d'Mustike sech ronderëm d'Haus verbreeden, besonnesch frou sinn d'Insekte mat Waasser wat steet, wéi zum Beispill e Weier.
Mee Laura, firwat sinn d'Mustike sou frou mat eisem Blutt?
Eigentlech iessen d'Mustike Planzen, méi genee, se suckelen de Jus aus de Blieder. All weiblech Mustik brauch fir d'Bildung vun Eeër vill Proteinnen, an dat fanne se am mënschleche Blutt. Et ass lo net sou dass d'Mustiken e bestëmmte Blutt léiwer hunn, et kënnt op de Geroch vum Kierper un, ob ee vill oder ebe manner gepickt gëtt. Deemno ewéi ee Parfum een huet, kann een och méi gepickt ginn.
D'Mustike schloen am léifste wann et ufänkt däischter ze ginn zou. An anere Wierder; Summer, Séi, Owes an d'Mustik ass net méi all ze wäit aus de Féiss.

© pixabay.com
De Mustiken Atlas fann Dir och op eisem Internet Site op Radio.rtl.lu
[https://download.rtl.lu/2023/01/30/4d4d9d051ef4864aa1e5be9408b3583f.pdf]