
© pixabay.com
Et gesäit een der ëmmer méi dobaussen, där Elektro-Autoen. Fir datt den Auto dann och fiert, muss Jus also Elektresch hier. Wéi ass et da mat de Luetstatiounen am Land? Hu mer där eigentlech genuch? D'Laura Lessyn huet beim ACL nogefrot.
850 Opluetstatiounen hu mir zur Zäit uechtert ganz Land, dovunner stinn der 102 eleng an der Stad. 2013 hat d'Stad Lëtzebuerg schonn e Projet gestart, bei deem se 3 Elektrostatiounen op zwee ëffentleche Parkingen installéiere gelooss hunn. D'Unzuel vun den Opluetstatiounen op den ëffentleche Stroosse wéi och op de Parkplazen huet sech an deene leschte Méint vergréissert, fir eben déi bescht méiglechst Ofdeckung hei am Land kënnen ze garantéieren. De Frank Maas vum ACL verréit, wou Lëtzebuerg am allgemengen drun ass, wat d'Luetstatioune fir déi elektresch Autoen ugeet.
"Mir leien hannert Holland op der zweeter Plaz a ganz Europa, dat heescht dat et hei zu Lëtzebuerg genuch Statioune gi fir opzelueden."
Den ACL réit de Leit, de Fall gesat, et huet een sech decidéiert en Elektro-Auto ze kafen, sech och eng Borne doheem ze installéieren. Sou huet een dann d'Méiglechkeet, säin Auto gemittlech doheem opzelueden.

© pixabay.com
Wéi ass dann d'Situatioun am Ausland mat de Statiounen?
Am Ausland ass d'Unzuel vu Luetstatioune jee no Land a Regioun verschidden.
"Dofir ass et wichteg eng Rees mat engem Elektroauto am beschten am viraus ze plangen. An Tëschenzäit ginn et awer ganz hëllefräich Appe, déi eng genee Planung vun ärem Wee virgesinn an och wéi a wou een am effizientsten opluede kann, par Rapport zum Auto, deen een huet, an och d'Streck, déi ee wëll zeréck leeën. Wichteg ass dann och nach wéinstens 3 verschidde Kaarten ze hunn, fir eben iwwerall sécher kënnen opzelueden. Wann ee sech am viraus gutt organiséiert, ass et duerchaus méiglech et muss een ebe genuch Zäit mat aplangen."
Ok, Auto mat Stroum gelueden...elo en anere Sujet, Laura, bei den E-Autoe ginn et wat d'Geräischer ugeet nach e puer Schwieregkeeten.
Majo well dës Autoe bei klenger Vitesse bal bis guer kee Kaméidi maachen, kann et am schlëmmste Fall zu engem Accident komme mat engem Foussgänger, klénge Kanner oder Vëlosfuerer. D'Foussgänger kucken dacks net nëmme mee lauschteren ob do een Auto kënnt.Nach emol de Frank Maas.
"Aus dem Grond ass dofir vu Juli 2021 un, fir all nei ugemellten E-Auto oder Plugin Hybrid an der EU een akustescht Warnsystem Flicht, och Avas genannt. Den Auto muss tëschent 0 an 20 Kilometer an der Stonn wéi och beim no hanne fueren e kënschtleche Sound maachen an huet déi nämmlecht Lautstäerkt wéi een Verbrennungsmotor. Meeschtens handelt et sech em ee summent Geräisch, mat deem déi nei Gefierer equipéiert sinn."
Soubal den Auto dann u Vitesse gewënnt, héiert een d'Pneuen dréinen. Sou héiert een nees, dann do en Auto kënnt. Bei deene méi eelere Modeller vu virum Juli 2021, ass dësen akustesche Warnsystem entweder nach guer net agebaut oder de Chauffer huet eben nach d'Méiglechkeet dëse manuell auszemaachen. Dofir ass et ëmmer wichteg net nëmmen ze lauschtere mee och ze kucken ob keen Auto kennt.
Wann ee méi konkret Froen zu dësem Sujet huet, ass den ACL dee richtegen Uspriechpartner.

© afp
All Detail fir hei am Land eng Borne ze fannen oder eng extra MKaart ze kréien fann dir bei eis op Radio.rtl.lu.
https://chargy.lu/fr/#home-find-terminal
https://www.vdl.lu/de/unterwegs/mit-dem-auto/parken/ladestationen-fuer-e-fahrzeuge