
© Pixabay
E Wäin, ganz natierlech, ouni 'Näischt'. Naturwäin ass net gläich Bio-Wäin. Mir hunn eis mat engem Wënzer ënnerhalen.
All Naturwäin ass u sech e Biowäin, mä net all Biowäin ass e Naturwäin.
Am Beschte mer loossen den Expert de Naturwäin erklären: de Nicolas Schmit vum Wënzerbetrib 'Schmit-Fohl'. Si hunn d'lescht Joer deen éischte Lëtzebuerger Naturwäin erausbruecht. Gemaach aus Drauwen aus zertifiéierte Bio-Wéngerten:
"... wou mer bei der Düngung zum Beispill mat enger réng organescher Düngung schaffen a keng mineralesch Düngung benotzen. Bei der Onkrautbekämpfung schaffe mer just mechanesch a beim Schütze viru Pilzen am Wéngert schaffe mer just mat Kontaktmëttelen a net mat systemesch chemesche Mëttelen, déi am Fong an de Saaftstroum vun der Planz andréngen. De groussen Ënnerscheed zum Bio-Wäin mécht sech am Fong am Keller: bei der Vinifcatioun setze mer keng Hiefen zou. et ass eng réng spontan Gärung."

© Pixabay
D'Gärung mécht sech mat deene natierlechen Hiefen entweder aus dem Keller oder vun den Drauwen aus dem Wéngert. Duerno gëtt och keng Klarificatioun gemaach.
"Mir ginn déi Wäiner net filtréieren, déi Wäiner ginn och net geschwiefelt wärend der Vinificatioun a ginn och net geschwiefelt virum Afëllen an eisem Fall. Do ass zwar en Zousaz vu Sulfiten virum Afëllen erlaabt, allerdéngs net forcément néideg. Dat wier dann och nëmmen de Fall fir de Wäin laangfristeg e bësse méi ze schützen."

© Pixabay
Et ass also net vill Spillraum am Keller an et muss nach vill méi propper geschafft ginn. Am Naturwäin ass also NÄISCHT dran a well e net filtréiert ass, ass en dacks och méi dréif ewéi déi 'normal' Wäiner.
"Also ewéi e schmaacht, dat kann ee sécher mat engem normale Wäin vergläichen. Et ass net, dass dat elo eppes ganz Aneres ass. Et ass och net dass een e Naturwäin forcément erkennt. Bei eisem Produit ass et eppes relativ Mineralesches, et ass och kee Monocépage, et huet fruuchteg Notten an trotzdeem awer och e bëssen eppes Hiefeges (doduercher dass et net filtréiert ass). et huet e bëssen eppes Äerdeges och, net ze schwéier, net ze héich am Alkohol."