
© Pixabay
Mustiken, Beien, Harespelen, Beelen, et flitt elo esou Munches doruechter wat eis picke kann an dacks och mécht.
Mä wéi am Beschte no engem Stach reagéieren? Als éischt sollt een emol d'Impfkaart eraushuelen a nokucken ob alles aktuell ass, ewéi zum Beispill den Tetanus.
Den Dr. Nico Haas:
"Da gëtt et e puer Méiglechkeete wann ee gepickt ginn ass: entweder et ass ee just gepickt ginn, et deet e bësse wéi an do geschitt net weider vill, oder et gëtt awer op eemol déck, et schwëllt, et gëtt rout, da muss een ënnerscheeden tëscht enger Infektioun oder enger allergescher Reaktioun. Wann déi Reaktioun direkt kënnt, dann ass et praktesch ëmmer eng Allergie. D'Infektioun brauch jo eng gewëssen Zäit fir sech anzestellen. Wann et awer net besser geet, dass dat ëmmer méi grouss gëtt, da soll een awer vläicht den Dokter opsichen well dee kann entscheeden ob et eng Infektioun oder en Allergie ass."

© Pixabay
Déi néideg Medikamenter kommen an den Asaz an déi kritt een dann och verschriwwen. Iwwregens sollt een och oppassen wann een e roude Rondel ronderëm de Stach gesäit:
"Wann dee net méi grouss gëtt, wann e net immens hëtzt, a wann e net weidergeet, dann ass dat net schlëmm an dat wäert sech da verzéien. Sollt de Géigendeel awer de Fall sinn, da sollt een awer erëm eng Kéier den Dokter opsichen fir ze kucken ob ee net muss en Antibiotique kréien respektiv en Antiallergique."

© Pixabay
Och Zecke stiechen, se bäisse net. An an deem Fall hu mer et eventuell erëm mat engem roude Rondel ze dinn:
"Dat nennt een den 'Erythema migrans'. Dat bäisst net, dat schuppt net, dat hëtzt net, dat ass eng Plaz, déi einfach do ass. Déi Plaz muss net onbedéngt do sinn wou een déi Zeck hat, déi kann och op iergendenger anerer Plaz vum Kierper sinn. Dat ass en Zeeche vun der Maladie de Lyme, also vun der Borrelios, déi an deem Fall muss behandelt ginn. Déi kann a spéide Stadien vill Schued uriichten."
Et ass ëmmer gutt déi Plazen ze desinfizéieren, am Aen ze behalen an ze kucken ewéi se sech entwéckelen.