
© pixabay.com
E gudden CV ass immens wichteg a relevant, well et den alleréischte Kontakt mam villäicht zukünftege Patron ass. A wann alles gutt geet, kann et d'Entrées-Kaart fir op e Virstellungsgespréich sinn. D'Premieresexame si geschriwwen, d'Studente kommen der grousser Vakanz méi no an et gëtt elo fläisseg no enger Aarbecht gesicht. D'Laura Lessyn hat um leschten Jobdag bei deem engen oder anere Patron nogefrot, wat si gären an engem CV gesinn a wat net.
Op esou engem Jobdag kréien déi Patronen, déi op der Plaz sinn, eng Jett CVen an och Motivatiounsbréiwer eran. An dofir meng éischt Fro un d'Patronnen: Wat ass ärer Meenung wichteg an esou engem CV (Curriculum Vitae)?
"Propper geschriwwen an et muss kee ganzen Text sinn. Am beschte keng Schreiffeeler dra stoen hunn, dat ass net gäre gesinn. An och emol gären eng Foto dra setzen."
Et ginn an der lescht esou vill CVen mat esou vill Design a Gepiddels, dat zum Schluss inhaltlech näischt méi do ass. Lücken an engem CV gi guer net.
Dat heescht en CV soll am beschten net ze laang awer och net ze kuerz sinn an inhaltlech dat dra stoen hunn, wat ebe fir dee bestëmmte Job gesicht ass."
Et kritt een awer dacks an der Schoul oder och am privaten Ëmfeld geroden de Liewenslaf perséinlech eran ze ginn, well een esou nach e besseren éischten Androck dem Patron oder dem Personalbüro iwwermëttele kann.
An dofir déi nächst Fro. Wat ass a besser gesinn? Perséinlech de CV ofginn oder en eran schécken?
"An eisen Zäite vu moderner Technologie ginn d'Patronnen am allgemengen de Leit ëmmer méi mat op de Wee, dat een dës CVen online eraschécke soll, iwwert den Internetsite vum Betrib selwer oder ebe mat Email. Perséinlech laanscht bréngen, heiansdo geet dat, mee wéi mir hunn eisen Human Ressource zentraliséiert, egal an ewéi een Haus dir gitt, déi kommen ëmmer bei eis un an dat bréngt an deem Fall näischt. Am beschten ass Online oder per Email.
Et soll schonn egal a ewéi enger Form als Bréif, per Email oder perséinlech laanscht bréngen. Et soll einfach propper sinn."
Et ass mir opgefall, dat d'Patronnen et am allgemenge léiwer hunn, wann de CV kuerz, knapp a propper ass. Déi wichtegst Informatiounen a Stéchwierder ernimmen an dat op maximal enger DINA-4 Säit. Am Motivatiounsbréif kann et e bësse méi perséinlech ginn, ouni awer eng Geschicht ze verzielen.
Wat ass dann elo en absolutten NO GO an esou engem Liewenslaf?
"Kee Roman schreiwen iwwer Krankheeten, ze vill privat Saachen, dat muss ech als Patron net direkt wëssen."
Am beschten net an de CV-Säiten dra schreiwen, wou een net geschafft huet, dat gesäit kee Patron gären. An och net seng Schwächten opzielen. Et soll een am beschten den Akzent dorobber leen: Wat kann ech? An a wat sinn ech gutt?"
Wann et déi alleréischte Kéier ass, dat een en CV opstellt, da kann den Internet hëllefräich sinn, mee och äert Ëmfeld ewéi d`Elteren oder Frënn, déi schonn déi eng oder aner Erfarung gesammelt hunn.

© Jobdag2023- RTL
Online huet een en immens grousse Choix fir e perfekten CV zesummenzestellen. Dee fannt Dir bei eis um Site ënner Radio.rtl.lu