
© Pixabay (Symbolfoto)
E kënnt aus Schottland, de 'Brewmeister Snake Venom'. Op der Plaz zwee ass de Béier vun der selwechter Brauerei, den 'Armageddon' mat 65% Alkohol. Op der Plaz 3 ass en hollännesche Béier ze fannen, mat ëmmerhin 60% Alkohol.
Elo freet een sech natierlech: Esou staark... schmaacht dat iwwerhaapt nach?
Dofir huet RTL bei Humulus et Fermentum nogefrot. De Sebastian Symolka ass Béiersommelier. Hien erkläert de Goût mam Schorschbräu mat engem Alkoholgehalt vu 57,8 Prozent.
"Séiss, malzeg, mat Karamellnoten, kandéiert däischter Friichten. En ass likör-méisseg an huet och Gewierznoten dran, mä dat hänkt och ëmmer dovunner of ewéi esou e Béier an der Grondform gebraut gouf. Kann een esou eppes iwwerhaapt nach drénken? Jo, mä natierlech net esou ewéi e normale Mini an och scho guer net an deene Quantitéiten.Et schmaacht och nach no Béier. Duerch den Alkoholgehalt ass bal kee Schaum méi do an duerch d'Hierstellung ass och bal keen CO2 méi ze erwaarden."

© Sebastian Symolka
A wéi drénkt een en?
Spontan géing ee jo elo soen 'ewéi e Whisky'. An dat ass dem Expert no guer net esou falsch.
"Am beschten an engem Schwenker oder engem Whisky-Glas. Just dass kee Waasser dobäi kënnt (beim Whisky gëtt ee jo ëmmer gär e puer Drëpse Waasser bäi). On the rocks drénkt ee souwisou kee Whisky, an dat géif ech bei deem Béier dann och net empfeelen."

© Sebastian Symolka
Dee staarke Béier gëtt am Fong hiergestallt ewéi e normale Béier, mä et gëtt mat verschiddenen Hiefe geschafft, déi alkoholtolerant sinn.
"...a natierlech mam Äisbock-Verfahren, dat heescht de Béier gëtt agefruer. Haaptbestanddeel vum Béier ass jo Waasser, a Waasser fréiert op engem anere Punkt ewéi Alkohol, an dee Moment gëtt de ganzen Alkoholgehalt konzentréiert. A wann een dat e puer Mol mécht, da kënnt een op esou héich Alkoholwäerter. Wat wichteg bei esou Béieren ass: Ëmmer a Moosse genéissen an einfach Freed hunn eppes Neies ze entdecken an ze schmaachen. Et soll e Genoss sinn."