Shinrin yoku seet engem op deen éischte Bléck vläicht näischt. Mam Numm  Waldbaden kann een do schonn éischter eppes ufänken. A genee dat proposéiere mir Iech an eisem Summer-Agenda vun haut.

07/08/2023 Summer-Agenda: Shinrin yoku INTERNET

Hei geet et u sech drëms e Spadséiergang an der Natur ganz bewosst ze erliewen. Dëst kann engem hëllefen de Stress an d'Suerge mol fir ee Moment ze vergiessen, méi entspaant ze ginn an e klore Kapp ze kréien.
Et ass also quasi de Géigendeel vun engem Trail. Karen Decker, Bëschguide a Waldbademeister:

"De Prinzip dovunner eis einfach lass loossen an entschleunegen. Dat heescht mir gi ganz lues a mir kucken eis eigentlech de Bësch e bëssi méi genau un an huelen eis Zäit. An dat ass eppes wat d'Leit hautzedags meeschtens net méi maachen an dofir bidden ech dat dann och iwwert verschidden Exercicer un déi automatesch maachen, dass ee muss méi lues goen."

Waldbaden soll dann och gutt géint Depressioun a Roserei hëllefen, d'Qualitéit vun eisem Schlof verbesseren, fir e besseren Immunsystem suergen an eis Energiereserven an d'Luucht setzen. Also nëmme Virdeeler an definitiv Grond genuch dat mol eng Kéier auszeprobéieren.

Zesumme mam regionalen Tourismusverband Guttland, bitt d'Karen Decker den 12. August an den 9. September, jeeweils vun 10 bis 12 Auer, esou eng Sessioun un. Dës Aktivitéit adresséiert sech dann och u jiddereen, oder bal.

"Also fir ganz kleng Kanner ass et e bëssi méi komplizéiert, mee vun Teenager bis an den héijen Alter. Ech ka jiddereen do mathuelen."

Weider Informatiounen zum Thema fannt Dir op

an umelle kënnt Dir Iech fir dës Aktivitéit op

.