Dat waren nach Zäite, wou ee bei sengem Besuch just huet misste Vegetarier respektéieren. Haut ass dat e bëssen anescht an dacks rennt ee vun engem Buttek an deen aneren, fir no laktosefräier Mëllech, Miel ouni Gluten oder Schockela ouni Nëss ze sichen. Fir Mënschen déi eng Allergie hunn, kënne scho ganz kleng Portiounen vun deene Saachen zu Reaktioune féieren.

An effektiv ass d'Zuel vun de Leit, déi eng Allergie hunn an de leschte Joerzéngten drastesch an d'Luucht gaangen, wéi d'Allergologin Dr. Farah Hannachi aus dem CHL eis erkläert:

En effet, la prévalence du nombre de personnes allergiques dans le monde a très fortement augmenté ces derniers 20 années. On estime que 25 à 30% de la population des pays industrialisés est concerné par des maladies allergiques et au Luxembourg nous sommes à 40% de la population, pouvant présenter des allergies de tout ordre, quelles soient respiratoires, alimentaires, cutanées, médicamenteuses ou aux venins d'hyménoptère.

De Grond fir déi vill Allergien ass breet gefächert. Een dovunner ass sécherlech d'Ëmwelt an eisen industrialiséierte Liewensstil, d'Pollutioun, dat wat mer anootmen a consomméieren an awer och de genetesche Facteur, well eng Allergie och verierflech ka sinn. En éischte Schrëtt ass et, d'Unzeechen an d'Symptomer z'observéieren an och de Kader, an deem ee grad ass.

À partir de là, on va orienter en effet des tests, on fera des tests cutanés, ou on met des gouttes d'allergène sur la peau et on regardera si celle-ci réagit. Donc là on a une batterie de tests qui est ciblé sur les allergènes respiratoires, pour voir les allergies aux acarienes poussière, aux animaux, aux moisissures, aux differents pollens et on a aussi une batterie de tests qui va tester les aliments.

Fir de Phenomen vun der »Allergie« ze verstoen, geet et net duer, fir Pollen ze zielen, oder Allergenen ze charakteriséieren, ma och d'Psyche an déi gesellschaftlech Facteure, wéi de Stress, hu bei der Allergie hir Fanger am Spill:

Et lorsqu'on parle de stress, on parle de stress d'une façon beaucoup plus générale, comme tout changement, aucel le corps et l'esprit doivent s'adapter. Cela peut être un changement d'environnement, un changement de pays, un changement du régime alimentaire, un changement au niveau psychologigue qui survient et qui va engendrer un stress de l'individu. Et à partir de là, l'allergie est considerée comme une maladie auto-immune. Donc c'est son propre corps qui se met à développer des anti-corps contre des particules ou des allergènes qui sont cencés à être inoffensivs dans notre organisme.

Den éischten Therapie Usaz ass, dat wou een allergesch drop ass, z'evitéieren. Déi zweet Méiglechkeet ass et, mat Medikamenter an Anti-Histaminen géint lokal Symptomer unzegoen an da gëtt et nach eng drëtt Methode, déi ganz interessant ass an Heelung versprécht, nämlech d'Immunotherapie, bei där iwwert eng länger Zäit den Allergen a klengen Dosen opgeholl gëtt, fir de Kierper resistent dogéint ze maachen.

RTL

© pixabay