Géint den Till Lindemann gëtt net weider enquêtéiert. Ee vun de Grënn wier, datt déi presuméiert Affer sech net un Enquêteuren, mä u Journaliste geriicht hätten. Dës hätte sech wärend der Enquête op de Quelleschutz beruff, fir net mussen auszesoen. 

06/09/2023 Enquête huet näischt erginn, wat heescht dat? INTERNET
RTL

© Rammstein-Sänger Lindemann © ANP/AFP/Archiv/Robert Vos

Zur Erënnerung: Ugangs Juni haten eng Partie Frae Reprochë géint de Sänger Till Lindemann vun der däitscher Band Rammstein erhuewen. Si haten him virgehäit, si drogéiert ze hunn a sech duerno sexuell un hinne vergaangen ze hunn.

De Parquet vu Berlin hat doropshin eng Enquête géint de Sänger an d'Weeër geleet. Ma wärend dëser hätte sech d'Reprochë géint de Sänger net konkretiséiert, heescht et vum Parquet.
Mir hu mol den Affekot Brian Hellinckx gefrot, wat et alles brauch fir datt et zu enger Enquête komme kann?
Fir eng Enquête brauch een u sech net ganz vill, et brauch een normalerweis och emol keng Plainte vun der Victime, also soubal d'Police oder de Parquet iergendwéi matkréien, datt eng Strofdot geschitt ass, geet dat duer, fir dass eng Enquête opgemaach gëtt. Dat heescht, wann een elo e Video poste vun enger Strofdot op de Soziale Medien, da kann dat ganz gutt vum Parquet geholl ginn an eng Enquête lancéiert ginn. E Beispill un dat ech denken, dat ass elo net en matière sexuelle, mee dat ass vu virun engem Joer, huet een e Chauffeur gesinn, deen mat 300 Km/h iwwert d'Autobunn gefuer ass a schéin säin Tacho gewisen huet an duerno nach gewisen huet, wéi en tanke gaangen ass. Doropshin ass déi Persoun och condamnéiert ginn.

Eng Enquête gëtt da lancéiert, dat heescht de Parquet kuckt zesumme mat der Police fir all Beweiser an Indizien ze fannen, Zeien a Verdächteger gi gehéiert.  
An da mat deem s wat alles do zesumme komm ass an där Enquête, huet dann duerno de Parquet d'Decisioun ze huelen: ok kloe mer déi Persoun elo un oder loosse mer et sinn, well mer der Meenung sinn dass mer net genuch Beweiser hunn. Bon falls e ugeklot gëtt, gëtt dat eeben op d'Geriicht bruecht a falls net, da kritt deen deen Plainte gemaach huet e Courrier, andeems en da gesot kritt, dass de Parquet net d'Intentioun huet weider Poursuitten anzeleeden.

RTL

© Kevin Spacey arrive pour une audience de son procès pour agression sexuelle à Londres, le 25 juillet 2023 © AFP/Archives/Daniel LEAL

De Fall gesat, et gëtt net weider enquêtéiert, da bleiwen engem als Affer awer nach aner Recours-Méiglechkeeten.
Do ass de Parquet général, dat ass dann déi Instanz iwwert dem Parquet saiséieren, déi kënnen dann dem Parquet soen et misst poursuivéieren, e misst ukloen. Zweet Alternativ ass dann eng Plaz ze maachen, mat Constitution de partie civile, dat heescht eng Plainte direkt beim Untersuchungsriichter. Da muss een zwar eng Kautioun hannerleeën, mee dee Moment ass den Untersuchungsriichter awer obligéiert op alle Fall mol eng weider Enquête ze maachen, respektiv och déi Persoun eng Kéier eranzeruffen, also de presuméierten Täter bei sech an dann huet deen d'Méiglechkeet déi Persoun dann offiziell ze beschëllegen oder net.

Et ginn och nach aner Alternativen, wéi direkt op d'Geriicht goen, dat kann een och maachen.

Wat bleift an där Affaire Lindemann a wéi geet et weider? Dat weess keen.
Sécher ass, datt säi Ruff ruinéiert ass. Zu Recht oder awer och net? Mir wäerten et ni wëssen, wien dann elo wierklech eppes verbrach hat oder wie wierklech onschëlleg ass.

RTL

© Jörg Kachelmann © dpa/AFP/Archiv/Sebastian Willnow