
© Pixabay (Symbolfoto)
Där ginn et op verschiddene Plazen: an der Musel, um Iechternacher Séi a bei Weieren. Se kommen awer net natierlech hei am Land vir, mä goufen ausgesat a gëllen als invasiv Déierenaart.
Déi Deckelsmouken gehéieren guer net heihin, se goufen ausgesat.
Dacks geschitt dat, well aus deene klénge léiwen Déiercher am Laf vun der Zäit méi grousser a méi schwéierer ginn a se net méi vill Plaz am Aquarium hunn oder einfach ze vill Aarbecht maachen.
Dobäi si se eng Gefor fir d'Biodiversitéit, Lieke Mevis vu Natur an Ëmwelt:
"De Problem ass, dass déi Déieren hei keen natierleche Friessfeind hunn a si ginn awer immens grouss. Also déi kleng Schildkröten, wann d'Leit se kafen, dann hu se 5 Zentimeter oder sou, an déi ginn awer bis zu 28 Zentimeter grouss an 3 Kilogramm schwéier. Deementspriechend friesse se dann och. Dat heescht si friessen einfach immens vill deenen aneren eenheemeschen Déieren ewech."

© Pixabay
Normalerweis liewen déi Deckelsmouken, meeschtens sougenannt 'Schmuckschildkröten' a Florida.
Se ginn awer an de leschte Joren och hei bei eis gutt eens, laanscht d'Musel am DäitschenTraben-Trarbach hu se esouguer scho Kolonie gebillt.
"Elo wou d'Wanteren duerch d'Klimaerwäermung ëmmer méi douce ginn, sinn der méi, déi ëmmer méi al ginn. A vu dass se bis zu 37 Joer kënnen al ginn, huet sech dat wierklech zu engem grousse Problem entwéckelt, och hei zu Lëtzebuerg."

© Pixabay
Virun allem eenheemesch Fësch, Amphibien, Insekten a Waasserplanze leiden ënnert den Exoten.
Dofir ass et den Opruff vu Natur an Ëmwelt sech et gutt ze iwwerleeën, ier ee sech eng Deckelsmouk uschaaft.
"A la Base sinn et wëll Déieren, dat heescht et ass souwisou scho keen ideaalt Hausdéier. Da kënnt dobäi, dass et Exote sinn a wann ee se aussetzt dann ass dat wierklech e Problem fir den Ecosystem. D'Leit solle sech wierklech ganz gutt iwwerleeën, wa se sou en Déier flott fannen, ob se déi Verantwortung wëllen iwwerhuele fir sech bis zu 37 Joer och ëm sou en Déier ze këmmeren, och wann et dann herno 3 Kilogramm weit an e Stéck méi grouss ass wéi dat klengt léift Déiercher déi een am Buttek gesäit."
Awer net nëmmen Deckelsmouken, déi net heihinner gehéieren, maache Problemer.
Et gi nach aner invasiv Déierenaarten, déi der Natur hei am Land net gutt doen. Genee ewéi Planzen, di hiren Ursprong net hei an eise Géigenden hunn.
Op déi komme mer an engem weidere Reportage ze schwätzen.