Um rezente G-20 Sommet an Indien si Spekulatiounen iwwert eng Ännerung vum Numm vum Land méi haart ginn. Huet d'Regierung ëm de Premier Modi elo wëlles Indien a Bharat ëmzebenennen? Wat bedeit dat a firwat soll den Numm geännert ginn? Dat huet mir de Régis Moes gefrot, Conservateur am Nationalmusée um Fëschmaart.

12/09/2023 Firwat Länner hiren Numm änneren? INTERNET

Nimm vu Länner an dann och hir Ännerungen sinn dacks politesch motivéiert.
An Indien ass dat zum Beispill elo och eng Iwwerleeung vun der Partei, déi um Pouvoir ass, déi éischter hinduistesch gepräägt ass, fir dann do och den hinduisteschen Charakter a ervirzehiewen. Et ass ëmmer e politesche Prozess ee Moment, wou ee wëllt, wann een den Numm ännert vun engem Land, wou ee wëllt weisen hei, mir änneren eppes par Rapport zu virdrun.

RTL

© pixabay.com

An Indien gëtt sech och op d'Verfassung beruff, an där Indien och als Bharat bezeechent gëtt. Den historeschen Numm Indien gouf am 18. Jorhonnert vun de Britten iwwerholl, fir eben dat Gebitt ënner brittescher Kolonialherrschaft ze bezeechnen. Den Numm geet op de Floss Indus zréck; Bharat leet sech vu Bharata of an dat soll den Numm vun engem legendäre Kinnek gewiescht sinn, deen vun den Hinduen als Papp vum indesche Vollek ugesi gëtt. Op enger Sondersëtzung vum Parlament vum 18. bis den 22. September soll dann decidéiert ginn, wéi Indien an Zukunft heesche wäert. D'Kolonialvergaangenheet huet vill Länner dozou verleet hiren Numm ze änneren, do kann een och de Ghana nennen, eng vun den éischte Kolonien an Afrika, déi onofhängeg goufen.
Dat ass d'Gold Coast, dat ass den haitege Ghana, direkt bei der Independance Enn der 50er Joren, huet den deemolege Leader vun Independance den Numm vum Ghana an Erënnerung un de prékolonialen Staat, un den Empire du Ghana, eigentlech erëm opliewe gelooss fir ze weisen, dass säi Land net den Héritier wier vun der Kolonisatioun duerch d'Britten.

RTL

© unsplash.com

De Kolonialismus huet a ville Länner uerg Wonnen hannerlooss, a mat der Nummännerung wëll een dee Passé ad acta leeën, och wann et alt laang Joren no der Onofhängegkeet geschitt, wéi am Burkina Faso. En Numm, deen aus den 2 Sprooche mat Land zesummegesat ass.
Swasiland kann een och nennen, 2018 gouf fir de 50. Anniversaire vun hirer Onofhängegkeet d'Land an Eswatini ëmbenannt, dat op Swasi esou vill heescht wéi Land vun de Swasi.  Och op eisem Kontinent goufen et eng Rei Länner, déi hiren Numm hu missten adaptéieren, Beispill Tschechoslowakei.

 

12/09/2023 Régis Moes Europa