E Freideg fänkt d'Schoul nees un. Wann e Kand um éischte Schouldag aktiv mam Stroosseverkéier konfrontéiert gëtt, ass et vläicht iwwerfuerdert. Et kann een awer de Wee fir an d'Schoul schonn e puer Deeg virdrun trainéieren, zesumme mam Kand e séchere Wee festleeën an esou den éischten Allenggang üben.

13/09/2023 De Schoulwee mat de Kanner trainéieren

Generell sollt dee Wee esou sinn, dass e Kand am beschte wéineg iwwert d'Strooss muss goen. A wat d'Kand de Wee besser kennt, wat de Risk vun enger méiglecher Gefor méi kleng ass. D'Isabelle Medinger vun der Securité Routière erkläert:

Wann een dat bis op de leschten Dag si léisst, ass dat natierlech fir d'Kanner en zousätzleche Stressfaktor. All Kand huet haut d'Méiglechkeet mam Bus an d'Schoul ze fueren, mee si mussen och sécher bei de Bus kommen a wann een sech dat eng Kéier elo déi nächst zwee Deeg zesummen ukuckt, dann ass dat fir d'Kanner kee Problem. Well et gi jo net all Kanner vun der Garage bis an de Schoulhaff gefouert.

Beim Eriwwergoen sollt ee geséchert Plazen notze, wéi Zebrasträifen, rout Luuchten, Ënner- oder Iwwerféierungen, och wann dat e klengen Ëmwee bedeit. Dee sécherste Wee ass nämlech net ëmmer dee Séiersten.

Déi Erwuessen definéieren, wat wäit a wat no ass an do sinn d'Kanner vläicht vill méi tolerant a fir si ass dat och vläicht méi spilleresch fir mat Kolleegen zu Fouss oder mam Pedibus an d'Schoul ze goe, wéi dat elo fir d'Elteren ass. Dat muss net ëmmer dee kierzte Wee sinn, mee deen iwwersiichtlechsten oder do wou e Foussgängersträifen ass. Et ass wichteg, dass een de Kanner do di gutt Reflexer mat op de Wee gëtt an natierlech net vergësst, dass ee selwer Virbild ass an d'Kanner et maache wéi d'Elteren et "maachen" an net wéi d'Elteren et "soen".   

Obwuel de Foussgänger deen um Zebrasträifen eriwwer goe wëll, Virrecht huet, sollt een sech net blann dorop verloossen. Hei kann een de Kanner bäibréngen de Bléckkontakt zum Chauffer ze sichen, fir z'iwwerpréiwen op en et och wierklech gesinn huet a waarde bis den Auto ganz stoe bleift.

Dat sinn nëmmen e puer kleng Tipps an Übungen, déi am "Klenge Guide fir op d'Strooss" erkläert ginn, dës Broschür ass op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch op der Websäit vun der Securité Routière an do kann een sech se eroflueden oder och per Post bestellen. Donieft gëtt et och eng ganz Gamme un Accessoire mat Reflekteren, dass déi Kleng och gutt gesi ginn, wann et nees ufänkt méi däischter ze ginn.